Events

ACEL-Quizowend

07.04.2018 19:00
ACEL


Scott's Pub
4, Bisserweg
1238, Lëtzebuerg
Luxemburg

quizowend-facebook.png

Du hëls gären un engem Quiz deel a bass de 7. Abrëll zu Lëtzebuerg ? Dann bass du bei der ACEL richteg. Déi éischt Editioun vun eisem Pubquiz steet un a mer lueden d´Studenten a matzespillen. Dat ganzt ass am Scotts Pub am Gronn a start um 19:00.

D'Equippen déi géint eneen untriede bestinn aus 3-5 Persounen, déi hiert Allgemengwëssen an de verschiddenste Kategorië beweise mussen. D’Gewënner kréien natierlech och e Präis. Fir dass während den internen Diskussioune keen d'Stemm verléiert, wäerte mir och fir genuch Gedrénks suergen. Soumat wäert also kee musse mat engem dreschnen Hals heem goen.

Ee Cercle kann natierlech och méi wéi eng Equipe stellen. Mindestens zwee Léit aus der Equipe sollen awer aus engem Cercle kommen.

Mellt iech am Beschten direkt un, well mir kenne just eng begrenzten Unzuel un Equipe unhuelen. D’Umeldung vun der Equipe muss just eng Persoun maachen. Et gëtt just een Equippennumm an d’Matspiller gebraucht. D'Participatioun fir de ganze Quizowend ass gratis!

Mir wäre frou, wann dir den Owend géingt mat eis verbréngen a géifen eis iwwer är Participatioun freeën.

Facebook Event
Umelle kanns du dech hei

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.