Events

LSRM-Intercercle: Mainhattan

19.04.2018 14:00
LSRM


Frankfurt am Main
Deutschland

Ei gude wie,

Den LSRM invitéiert Iech op seng 6. Intercercle den 19. an 20. Abrëll zu Frankfurt.
Als klengen Cercle wëllen mir Iech den Zentrum vun eiser Regioun weisen. Mir gin fir d’eischt den Maintower, en Héichhaus mat Panoramaplattform op iwwer 200 m, besichen. Dono gin mer mat ierch e bessen duerch d’Frankfurter Innenstadt. Den Nometten lossen mer dann op enger Grillplaatz direkt um Main mat Bleck op d’Frankfurter Skyline (Mainhattan) ausklengen. Mir versuergen ierch de ganzen Metten mat Gedrenks an och d’Iessen vum Grill as am Präis vun der Intercercle mat abegraff. No Sonnenennergang gin mer dann an Altsachsenhausen, de Partyvéirel vun Frankfurt. Moies gin mir dann nach zesumme brunchen a lossen d’Intercercle gemittlech ausklengen.

Programm vum 19. Abrëll 2018:

ab 14:00: Treffpunkt beim Hauptbahnhof Frankfurt, Check-in Jugendherberg
14:30-17:00 Visite Maintower, Spadséiergang durch d'Innenstadt
17:00-ca. 21:00: Grillen um Licht-und Luftbad Frankfurt-Niederrad
ab 21:00: Feieren an Sachsenhausen, dem Partyvéirel vu Frankfurt

Programm vum 20. Abrell 2018:

ab 10:00: auschecken aus de Jugendherberg
11:00: Brunch am Depot 1899
13:00: Enn vun der Intercercle

D’Intercercle kascht 15 €, do as d’Entrée vum Maintower, an d’Gedrenks vum ganzen Nometten (dir gidd gudd mat Beier, Apfelwein an Softdrinks versuergt) an d’Iessen vum Grill mat dran, wat dir Owes an Altsachs drenkt geht op är Käschten. (Fir Memberen vum LSRM as d’Intercercle gratis)
D’Jugendherberg kascht 21 €, den Brunch am Depot 15 €.

Umellungen w.e.g. bis den 12. Abrell ob den info@lsrm.lu: soot eis do w.e.g och Bescheed ob dir an der Jugendherberg schlooft, mat brunchen gidd, fir dass mir iwerall genug Plaatzen reservéieren kennen.

D'Umellung ass réischt definitiv wann dir d'Participatioun op eise Konto:
LSRM Asbl - IBAN LU30 0019 2955 7935 4000 (BCEE) iwwerwisen hutt (och bis den 12. Abrell).
Mentioun: "Numm, Virnumm – Intercercle Frankfurt" (D’Participatioun fir d’Jugendherberg, Brunchen an fir d’Visite w.e.g zesummen iwwerweisen).

Hei as och den Facebook-Link zu eisem Event:
...........................................
Maacht Iech bäi, d'Platze si limitéiert!
Mir freën eis ob Iech :)
ären LSRM

Zousätzlech Infos:

Frankfurt Hostel:
http://www.frankfurt-hostel.com/
Maintower:
https://www.maintower.de/
Licht-und Luftbad Frankfurt :
http://www.lilu-frankfurt.de/
Depot 1899:
http://depot1899.de/

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.