Events

Bonnympiade

Ganztägig
ALESONTIA

D'Bonnympiade ass een vun der Alesontia organiséierte Spillnomëtteg zu Bonn, dest Joer bei der Grillhütte vun den Waldfreunde Duisdorf. En flotten Nomëtteg wou een an Equippen géinteneen untrëtt, an sech a Spiller, wou Geschéck, Kreativitéit a Teamgeescht gefuerdert sin, miesst.
Ofgeschloss gëtt d'Bonnympiade mat engem gudden Maufel vum Grill an fir déi di Loscht hun geet et dann duerno weider an d'Innenstadt an e Club feieren.
Wéi kann ech matmaan? Hei eng kleng "Checklist" fir iech:
• Gespillt gëtt an Equippen vun 4-6 Leit.
• Startgeld ass 15€ op de Kapp (net pro Equipe), mat deenen der dann kennt matspillen, souwei Iessen an Gedrenks fir deen ganzen Daag.
• Ugemellt gëtt sech per E-mail op: intercercle@alesontia.lu
• Umeldungen ginn ugeholl bis den 30.05.2017 inclus.
• Fir eventuell Iwwernuechtungsufroen w.e.g onsen Comité kontaktéieren ënnert: kontakt@alesontia.lu
• Onbedéngt Spaß a gutt Laun matbréngen! (:

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.