Events

Oktoberfest Intercercle

Ganztägig
LSM


München
Deutschland

Léif Cercles-Memberen,
Léif LSM-Memberen,

Servus, O’zapft is!

Den LSM Oktoberfest-Intercercle steet virun der Dier!

  • Donneschdeg 4. Oktober :

ab 21:00 Welcome Béier am Café Klenze17 (Klenzestr. 17).

  • Freides 5. Oktober :

08:30 Treffpunkt op de Wiesn bei der Entrée virum Gelänner beim Hacker-Festzelt « Himmel der Bayern ». Méi Infoen zum genauen Treffpunkt kommen no. Do wäerte mer all da kucke fir zesumme genuch Dëscher ze kréien, fir dann alleguerten en flotten Dag zesummen um Oktoberfest ze verbréngen.

  • Samschdes 6. Oktober :

17:00 Apero & Chill am Englesche Gaart bei guddem Wieder.

19:00 Ofschlossiessen an der « Jagtstube » am Augustiner Keller (Arnulfstr. 52).

Hei gëtt iech en leckeren 3-Gänge Menü zerwéiert an natierlech kritt dir nach een Ofschlossbéier op d’Käschte vum LSM offréiert.

No der Umeldung mussen d’Suen op folgende Konto iwwerwise ginn, nemmen dann ass deng Umellung gültech :

LETZEBUERGER STUDENTEN ZU MÜNCHEN

IBAN : LU44 0019 2655 8968 1000

BIC: BCEELULL

Referenz : INTERCERCLE VIRNUMM+NONUMM

Link zur Facebook-Veranstaltung :
https://www.facebook.com/events/2211760035724388/

Mir freeën eis iech zu München ze empfänken a mat iech zesummen eng schéin Intercercle um Oktoberfest ze verbréngen!

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.