Events

Vëlosheemrees KA-LUX

06.07.2018 04:00
AELK


Karlsruhe
Germany

Den 6. Juli ass et erëm sou wäit, d'Vëlosheemrees steet um Programm.

Mat gudden 230 km vu Karlsruhe ob Lëtzebuerg, ass et fir eis Profisportler ee Klacks de wäite Wee dann och emol mam Vëlo ze maachen. Mee och wann der iech et net zoutraut de Wee ganz ze fueren, zéckt net, iech unzemellen, mir ginn de ganze Wee vu Camionnette begleet an et huet ee Méiglechkeet bei Bedarf eranzeklammen an sech bëssen ze erhuelen.

Start zu Karlsruhe ass Moies um 5 Auer. Nodeems mir eis géint 4 schonns ob een Teller Nuddele getraff hunn fir déi néideg Kuelenhydrater ze tanken, geet et da lass. D'Streck ass a 5 Etappen opgedeelt an d'Arrivée ass, dann um 17.00 zu Lëtzebuerg an der Staat. Mëttes gëtt eng länger Paus zu Saarbrécke gemaach wou et och eppes wäert z'Iessen ginn.

Och dëst Joer sammele mer erëm Sue fir de gudden Zweck. Dëst Joer hu mer eis dofir entscheet, fir Trauerwee A.S.B.L. mam Erléis ze ënnerstëtzen. Si hëllefe Kanner a Jugendleche mam Doud vun enger nostoender Persoun ëmzegoen.

D'Startgeld vir d'Coureuren sinn 15€, déi och integral gespend ginn. All ufalend Käschte fir Begleedung, Proviant, etc. iwwerhuele mir.

Dir hutt nach net ganz verstanen em wat et geet oder wëllt en Don maachen? Kuckt hei: AELK VHR

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.