Events

Würzburger Wäinfest

Ganztägig
LSWü


Würzburg
Deutschland

Servus,
Heimat invitéieren mir iech häerzlech op eisen éischten Intercercle zu Würzburg.

Mir hun vir iech folgenden Programm opgestallt:

Arrivée ass individuel fir Samsdes moies um 11h um Würzburger Hbf.
Vun do aus starte mer an e Stadrallye an déi Leit, déi 't Nuecht iwwer hei schloofen wellen, kënnen an JH (wou mer genuch Plaatzen reservéiert hun) anchecken goen.
Duerno gi mer an eng grouss Kellerei op eng Kellervisite matt uschléißender Wäinprouw.
Géinter Owend gi mer zesummen op eist Wäinfest an der Stad iessen, vu wou mer duerno weider duerch Nuecht feiren gin.
De Präis fir Participatioun läit bei 20€ p.P. (inclus Béier fir beim Rallye an Wäinprouw).
Fir déi déi hei schloofen wëllen läit de Präis bei 50€. Zudem ass fir déi Leit, Sonndes e gemeinsame Brunch geplangt (bei Bedarf).
Unzuel vun der Participanten hu mer op 25 limitéiert vue que dass et eisen éischten Intercercle ass.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.