Events

Saufest Intercercle

Ganztägig
LSW


Wien
Österreich

Griaß eich léif Cerclen!

Et ass endlech erëm sou wäit! D'Lëtzebuerger Studenten vu Wien dierfen erëm op den traditionellen Intercercle invitéieren, d'Saufest 2019.

Dëst fënnt wéi all Joer um Päischtweekend statt, 2019 ass dat also vum Freiden 7. Juni bis Méinden 10. Juni.

Wéi gesäit den Programm aus?

  1. Juni 2019
    -Urees
    -Treffpunkt um 20:00 fir den Welcome Patt.

  2. Juni 2019
    -Rendezvous um 12:00 um Ufer vun der Donau wou eist legendärt Saufest an eng nei Ronn wäert starten!
    -Fir d'Mëttegiessen hunn mir 2 knuspereg Sai (oink!) vum Spiiss bestallt, déi den Metzler eis servéieren kennt.
    -De ganzen Dag gëtt gedanced, geprost an gesonnt. All you can drink Béier, Wäin an Softs aus eisem Äis-Pool.
    -Schwammsaache net vergiessen, um Saufest ass d'Wierder ëmmer gutt!

  3. Juni 2019
    -Well mir Studenten nieft dem duuscht no Héichprozentegem genau sou ee staarken Duuscht no Wëssen verspieren, treffe mir eis Sonndes um 14:00 Bei der Wiener Staatsoper, vun wou aus mir eng kulturell Decouverte vun der historescher Wiener Ringstraße starten. Wann Zäit eis et erlaabt, huele mir nach ee Patt an maachen eng kleng Erënnerungsfoto.

-Um 20:00 ass Treffpunkt am Restaurant "Stiegl-Ambulanz". Um Menü stinn Entrée, als Haaptplat Wiener Schnitzel vum Schwäin oder Gnocchi mat Obers an Blattspinat (vegetaresch), een Dessert an eng Dësch an d'Luucht als Digestif.

  1. Juni 2019
    Ofrees :(

Präisser:

15€ - just Saufest op der Donau (Samschdes den 8. Juni)

35€ - All-inclusive Paket (De ganzen Intercercle: Freides den Welcome Patt, Samschdes d'Saufest op der Donau an Sonndes Iessen an der Stiegl-Ambulanz)

Interesse? Dësen Formulaire bis spéitstens den 26. Mee 2019 ausfëllen. Mee opgepasst, Plazen am Restaurant sinn limitéiert an dofir: first come, first serve!

https://docs.google.com/forms/d/e/1FAIpQLSfxIrOJ2XhDV-GYp2h9aKYi_g4yTGa9QJi-GMwCsriqFeoh7g/viewform?usp=sf_link

Facebook-Event: https://www.facebook.com/events/2244137139134656/

Ee klengen Schmankerl vum leschte Joer, den Aftermovie 2018:
https://www.youtube.com/watch?v=EB4oUOXM_w8&t=1s

Bei Froen hu mir gären een oppent Ouer fir jiddereen: lsw@lsw.lu

Mir hoffen iech Päischten zahlreich begréissen ze dierfen.
Mat beschten Gréiss,
Ären LSW Comité

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.