Events

Ugly Skiing Day

Ganztägig
LSI


Innsbruck
Österreich

Servus!

Bad Taste Outfits, Bass an den Ouren, Sonnebrand, Dousebéier & Schnéi...
Kuerz: Ugly Skiing Day!
Wie déi 2 läscht Joeren och schons, invitéiert den LSI rem op den UGLY SKIING um Axamer Lizum den 6. Abrëll. Des Retro_Party op 2340 Meter ass een must vir all Innsbrucker Student an zitt och ëmmer méi Leit vun ausserhalb un. Dofir ass och jiddereen vun ausserhalb aus aanerer Cercle, herzlechst invitéiert mat eis ze féieren. Och wanns du keen Alpinist bass, solls du dir dësen Spaass net entgoen loossen, well virun allem den Drenksport un éischter Plaatz steet. D’Wantersportler sollen mat Genoss un der Ugly Abfahrt Deel huelen, wou all Mensch enker zesummen de Bierg roof fiert.

  1. Dag, Freides Owes:
    • Welcome Owend mat éisträicheschem 3-Gänge Menu am Stiftskeller
    • Open End…
  2. Dag, Samstes:
    • 8.30 RDV & Abfahrt mam Bus
    • 9.30 Béier-Empfang an der Axamer Lizum
    • 11.00 Ugly Abfahrt
    • Party beim Hoadl Haus op 2340 Meter bis d’Lifter zou maachen
    • Owes Après-Ski Party vir déi ganz hart an der Mausefalle
  3. Dag, Sonndes:
    • Beerpong um Inn
    • Open End…

LSI Comité

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.