Events

ACEL-Quizowend

13.04.2019 19:00
ACEL


The Rooftop Chalet & Beach Bar
2214, Luxembourg
Luxemburg

Heimat luede mir iech ob eisen ACEL-Quizowend an, wou der iech a klenge Gruppen eisen zuelräiche Froe stellen a mat eis e gemittlechen Owend verbrénge kënnt. Hei sinn di wichtegst Informatiounen ob ee Bléck:

Wéini a Wou: Samschdes, den 13. Abrëll 2019 am Rooftop Chalet & Bar (2, rue Nennig, 2214 Luxembourg) um 19:00 Auer. Et gi puer Parkplaze virun der Dir, Déi Éischt sinn also fir, mee d'Verbindung mam ëffentlechen Transport vum Glacis ass och ganz gutt.

Wéi grouss dierf d’Equipe sinn: 3 - 5 Leit, wouvu mindestens een an engem Cercle muss sinn.

Wéi vill kascht dee Spaass a wat kréien ech dofir: Participatioun ass fir jidderee gratis an mir iwwerhuelen deen een oder anere Patt.

Wou kann een sech umellen: Ob https://acel.lu/survey/quiz muss just eng Persoun di ganz Equipe umellen.

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.