Events

Bonn in Flammen

Ganztägig
ALESONTIA


Bonn
Germany

Léif Studenten, 

Alesontia (Lëtzebuerger Studenten zu Bonn) invitéiert Iech op déi éischt Editioun vun hirer Intercercle „Bonn in Flammen“.

 

Wéini?

Dat ganzt fänkt den 4.5.2019 un an hält den 5.5 op.

Wat?

Mir hunn decidéiert dëst Joer op den Rhein in Flammen ze goen. Rhein in Flammen ass en groussen Open Air Festival mat enger Kiermes an Freedefeier. Dësen Festival ass komplett gratis an zitt all Joers Dausenden Leit un.

 

Wéi leeft dat ganzt Lo of?
 
Offiziell fänkt Intercercle Samschdes un wou mir géint 13:00 um Hbf treffen an fueren dann zesummen an Rheinaue wou mer eis mat e puer Drénkspiller op den Festival virbereeden. Dono gi mir dann fir 15:00 op den Festival deen bis 00:00 dauert, an dann zéien mir dann nach bëssi weider duerch Staat. Sonndes treffen mir eis dann géint 12:00 bei der Bonner Traditiounsbrauerei Bönnsch, wou mer all zesummen iessen ginn. Fir déi déi wëllen kënnen och schonn Freides op Bonn kommen. 

 

Wéi beweegt een sech am beschten fort?
 
Fir bei de Festival ze kommen roden mir Iech ab dem Hauptbahnhof U- Bahn 66 ze huelen a Richtung Bad-Honnef an dann beim Arrêt Rheinaue erauszeklammen. Alternativ gëtt et den Taxi deen em 11 Euro kaschte wert.

 

Wou schlofen?

Studenten vun der Alesontia huelen Leit op fir ze iwwernuechten. Alternativ ginn et och genuch Jugendherbergen, bëlleg Hoteller (Motel One,…) wou dir iwwernuechten kënnt. Fir Iwwernuechtung ass jiddereen selwer verantwortlech.

 

Wéi vill kascht dat ganzt?

Den Präis fir den ganzen Weekend wier 20 Euro. An deem Präis mat dran sinn Iwwernuechtung bei den Alesonten, Gedrénks fir Drénkspiller an Iessen am Bönnsch (5.5). Des Suen sinn bis spéitstens den 20.4.2019 op de Konto LU78 0019 5055 2713 4000 ze iwwerweisen. Nëmmen wann Suen iwwerwisen sin sidd dir ugemellt.

 

Mir freeën eis schonn op den Festival an hoffen dass dir Iech zu zuelräich umellt.

Comité vun der Alesontia

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.