Kinosowend

Map Unavailable

Date/Time
Date(s) - 10/04/2021
7:00 pm - 10:00 pm

Categories


Dëst Joer ass ëmmer nach net wéi gewinnt, fir datt mir eis trotzdeem ënnert de Studente bëssen austausche kennen, organiséiert d’ACEL dëst Joer hier éischt Versioun vum Kinosowend.

Dëse fënnt den 10. Abrëll 2021 zu Beetebuerg am Kino “Le Paris” statt, wou mir ee Sall fir eis reservéiert hunn. Entrée ass ab 19:00 an um 19:45 fänkt de Film un. Well dëse Sall mat de geltende Mesurë just 60 Platzen huet, biede mer iech, sech am Viraus unzemellen.

Um Programm steet de legendäre Lëtzebuerger Film “Superjhemp Retörns”.

D’Umeldung ass ab elo op. Deen éischten ass vir. Den Entréespräis wäert sech op 6 € belafen. Sollten déi aktuell Mesuren sech net nach oplackeren, gelt wärend der ganzer Virstellung am Kino Maskepflicht, an an deem Fall kenne mer leider och keen iessen oder Gedrénks ubidden. Umelle kenn dir iech bis den 9. Abrëll (23:59) hei.

Facebookevent