Skip to main content
ArtikelenRepresentéieren

REEL 2018

By September 30, 2018May 29th, 2019No Comments

Déi 34. Editioun vun der REEL (Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois) war dëst Joer vum 20. bis de 23. September zu Bréissel. Eng ronn 120 Studenten haten sech zesummefonnt fir gemeinsam 4 flott Deeg ze verbréngen.

Donneschdes, den 20ten September huet déi 34. Editioun vun der REEL zu Bréissel ugefaangen an dat fir 4 Deeg. Moies ass et direkt mat de Workshops vun der ACEL lass gaangen, wou d’Studenten sech iwwert 1 vun den 3 Themen déi um Programm stoungen, äussere konnten. D’Resultat vun deenen 3 Workshops gouf duerno vun der ACEL virun all de REELaner virgestallt. Nodeems och de REEL-President Théo Biewer, jidderee begréisst hat an d’REELaner nach nëtzlech Informatioune matgedeelt kruten, ass et mam Iessen an der Kantin vun der Uni weidergaangen. Mëttes stoung e Rallye duerch Stad um Programm wou d’Leit net nëmme Bréissel selwer, mee och déi aner REELaner vun hire respektiven Equippen, kenneléiere konnten, an dat an engem méi lëschtege Kader. No engem gudden Owesiessen ass et dunn weider gaangen an et gouf bis spéit an Nuecht gefeiert.


De Freide Moien huet mam kulturellen Deel gestart an do war fir jiddereen eppes dobäi : Visitt vum Europaparlament, Mas-Tour, Chocolate Village, Musée des égouts an Trainworld. Nom Mëttegiessen ass et mat de Partnervirträg viru gaangen. Déi verschidde Sponsore vun der REEL haten d’Méiglechkeet sech bei de Studente virzestellen a wärend dem Walking Dinner konnten se sech och mat deenen ënnerhalen. Méi spéit am Owend ass et dunn an d’Bréisseler Nuetsliewen op d’Soirée Publique gaangen, wou net nëmme Studenten, mee och Partner a verschidde Visiteuren, gefeiert hunn.


Samschdes Moies – deen wichtegsten Dag vun der REEL – stoungen dunn Monologen vun der Staatssekretärin Francine Closener an der Gesondheetsministesch Lydia Mutsch an eng flott Diskussiounsronn mam Ekonomiesminister Etienne Schneider um Programm. Mëttes gouf d‘Haaptthema vun der REEL “Etudiant 4.0: La digitalisation du monde professionnel – Défis et opportunités” duerch eng Podiumsdiskussioun, déi vum Pit Everling moderéiert gouf, nach méi konkret ugeschwat. Invitéë dovun waren : Marc Hansen (Héichschoulminister), Marc Wagener (Fondation IDEA), Daniel Becker (Conseil Economique et Social) a Pol Lutgen (ACEL). Kuerz duerno gouf et en Éierewäin, offréiert vun der Lëtzebuerger Ambassade, ier et am Atomium mat engem Galaiessen a flotter Stëmmung mat der lëtzebuergescher Band Zero Point Five weidergaangen ass.


No 3 intensiven Deeg, ass de Sonnde méi gemittlech ofgelaf. De Moien huet mat engem Brunch gestart a Mëttes konnten d’Leit wielen op se d’REEL an der d’Schwämm oder op der Visitt vun enger Brauerei ausklénge loossen. No deenen Aktivitéiten an ier et dunn mam Bus nees zeréck op Lëtzebuerg gaangen ass, huet sech jiddereen nees fir d’Owesiessen zesummefonnt fir do nach eng leschte Kéier all zesummen ze feieren.

D’ACEL kuckt mat grousser Freed op eng erfollegräich Zesummenaarbecht mam Comité vun der REEL fir dës 34. Editioun zréck a seet dem REEL’s Comité Merci fir hiert grousst Engagement wärend deene leschte Méint an iwwert déi 4 Deeg!

Communiqué de Presse