Skip to main content
ArtikelenZesummebréngen

Tournoi de Noël – 2018

By January 3, 2019May 29th, 2019No Comments

Och 2018 war den “Tournoi de Noël” nees e groussen Erfolleg! Mat insgesamt 63 Ekippen an 3 verschiddene Sportaarten iwwert déi 2 Deeg konnt d’ACEL mat senge Cerclen nees flott Deeg zesumme mat der LASEL verbréngen.

De 27. Dezember stoung dëst Joer Basketball a Volleyball um Programm. Am Volleyball sinn 21 Ekippen ugetrueden an um Enn konnten sech d’Studente vu Bréissel (CELB) duerchsetzen an sech déi 1. Platz sécheren. Am Basketball si 16 Ekippen ugetruedenen an do stoungen zum Schluss d’Studente vun Tréier (LST) un der Spëtzt.

Den zweeten Dag, also den 28. Dezember, war et dunn um Fussball. Vun deene 26 Ekippen déi ugetruede si konnten sech dunn Studenten hei aus Lëtzebuerg (LSU) déi 1. Platz huelen.

Den “Overall Winner”, och “Challenge Jean Schmit” genannt, waren dunn awer d’Studenten aus Bréissel, déi am Volleyball 1. gi sinn, am Fussball 2. an am Basketball net manner wéi déi 6. Platz séchere konnten. Op der 2. Platz waren do d’Studenten vun Innsbruck (LSI) an déi 3. Platz gouf vun de Studenten vun Saarbrécken (LSS) besat.

Insgesamt waren et 2 flotter Deeg, wou net vergiess soll ginn, dass d’Studenten aus Wien (LSW) fir eng exzellent Stëmmung gesuergt hunn! Net ze vergiesen, d’Cerclen vun Berlin, Innsburck, Léck an Bingen, déi iwwer déi 2 Deeg fir een gudde Maufel an der Mettegpaus an doriwwer ewech gesuergt hunn. Domat nach eng Kéier e grousse Merci un d’LASEL fir déi super zesummen Aarbecht an e Merci un all Cerclen déi do ware fir de flotten Tournoi.

Mir freeën eis drop der Fondation Maison de la Porte Ouvert an der Association Narin den Erléis vum Tournoi ze spenden.