Studenten zesummebréngen

Mir bréngen d'Lëtzebuerger Studenten zesummen, sief et zu Lëtzebuerg oder am Ausland.

D’Representéieren an d’Informéiere si wichteg Bestanddeeler vun der ACEL hirer Aarbecht. Dëst funktionéiert awer just an Zesummenaarbecht mat eise Cerclen. Fir ze garantéieren, dass tëscht der ACEL an de Cerclen eng permanent Zesummenaarbecht besteet, ass et dësem Pilier seng Aufgab d’Studente souwuel am In- wei och am Ausland zesummenzebréngen. Dëst geschitt op folgenden Events iwwert d’Joer:

De Studentebal

Den ACEL Studentebal ass kee Bal wéi déi aner. Wéinst sengem ganz speziellt Konzept ass dëst de Studentebal vum Joer. Hei sinn iwwert 20 lëtzebuerger Studentecercelen aus ganz Europa vertrueden, déi mat „lokalen” Gedrénks-Spezialitéiten a kreativer Dekoratioun hir Stad vertrieden. D'Gedrénks gëtt natierlech zu studentegerechte Präisser ugebueden. De Bal ass déi ideal Plaz fir an engem relaxe Kader Erfahrungen an Erënnerunge ronderëm d'Studenteliewen auszetauschen a mat Kollege gutt ze feieren. Besonnesch um Studentebal ass och, dass en op enger Kooperatioun tëscht der ACEL an senge Membercerclë baséiert. Souwuel beim Op- an Ofbau vum Bal selwer, wei och bei de Virbereedungen an dem Oflaf sinn d'Cerclë mat agebonn a maachen dëse Bal zu engem eenzegaartegen Event. De Benefice vum Bal et dann och komplett op déi eenzel Cerclë verdeelt. Dat bidd dëse Cerclen d’Méiglechkeet, hire Memberen iwwert d’Joer verschidden Aktivitéiten an hirer Studentestad unzebidden.

Wieder Infoen zum Bal fannt dir hei

REEL

D'Réunion Européenne des Etudiants Luxembourgeois, kuerz REEL, ass wuel e vun dene wichtegste Rendez-Vous am Kalenner vum Student. Säit 1984 fënnt se all Joers an enger anerer europäescher Studentestad statt. All Joers versammelen sech 120 „REELaner“ aus ganz Europa an enger Stad a verbrénge 4 onvergiesslech Deeg zesummen. Dobäi gëtt e flotte Programm aus enger Mëschung vu politeschen Diskussiounen, kulturelle Visite, Kontakt mat Partneren a vu flotten Owender ënnert Kollege gebueden. Doriwwer eraus wielt all REEL en Thema wouriwwer mat Politiker a weidere wichtegen Akteuren zu Lëtzebuerg diskutéiert gëtt.

D’REEL bidd déi ideal Plattform fir a Kontakt mat potentiellen zukünftege Patronen ze kommen, fir un interessanten Diskussiounen iwwert Politik a virun allem iwwert d’Héichschoulpolitik zu Lëtzebuerg an engem interessanten Debat deelzehuelen, an dobäi vill nei Leit aus anere Stied kennenzeléiren. Keen anert Event zu Lëtzebuerg bidd esou eng gutt Méiglechkeet a Kontakt mat anere Studenten ze kommen.

Wieder Infoen zur REEL fannt dir hei

Tournoi de Noël

Och den Tournoi de Noël ass mëttlerweil zu engem feste Rendez-Vous fir all Cercle ginn. An der Chrëschtvakanz trieden déi verschiddene Cerclë mëttlerweil säit Joeren am Fussball, Basket a Volleyball géinteneen un. D’Halen um Campus Geesseknäppche sinn ëmmer gutt gefëllt. Och wann all Cercle säi bescht gëtt, sou steet de Spaass an d vun de Kollegen dobäi kloer am Virdergrond. Während d’LASEL sech em de sportlechen Deel këmmert ass der ACEL hier Roll um Tournoi alles rondrëm. Den Erléis den op dësen zwee Deeg zesumme kennt gëtt dann och ëmmer fir e gudden Zweck gespent. Sou huet d’ACEL dëse Montant déi lescht Joeren un d’Fondation Cancer gespent an ass zesumme mat senge Cerclen um Relais pour la Vie matgelaf.

Intercercles a Baler

Iwwer d’ganz Joer beméien sech d’Cerclen, verschidden Events ze organiséieren a flott Programmer op d’Been ze stellen. Op enger Intercercle organiséiert e Cercle eng Aktivitéit wei zum Beispill e Beachvolleyball-Turnéier, e Rallye, e Grillfest oder eng kulturell Aktivitéit an hirer Studentestad an invitéiert déi aner Membercerclë vun der ACEL. De Sënn dervun ass kloer: Kenneléieren an den Austausch mat anere Studenten, flott Deeg ënner Kollegen a nei Erfahrungen. D’ACEL ënnersteet des Events duerch Subsiden.

Verschidde Studentececlë bemeien sech donieft och, während dem Joer Baler zu Lëtzebuerg ze organiséieren. Bekannte Baler wei den Zürcher, Bréisseler oder Münchner Bal gn et säit Joeren. Mee och aner Cerclë beméien sech ëmmer flott Owender op d’Been ze stellen. Och hei probéiert d’ACEL des Cerclen ze ënnerstëtzen andeems se sech un diverse Käschte bedeelegt. Zill vu sou Baler ass nämlech natierlech och, de Cerclen hier Kees ze fëllen, fir dass si d’ganz Joer iwwer en attraktive Programm kennen op d’Been stellen.

E Kalenner vun deenen eenzele Baler an Intercercles fannt dir hei

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.