Lidderbuch

E29 - Am klenge Bistro

Den Owend senkt sech iwwer d'Gaase vum Faubourg an d'Kanner, déi mussen eran.
Virum klenge Buttek botzt d'Fra hiren Trottoir, de Mann dee schleeft d'Uebstkëschten an.
Den Dag ass eriwwer, all Mënsch ass doudmidd, awer meeschtens ginn si net gläich heem,
well hannen um Eck vun der Gaass an dem Café, do huelen se ëmmer nach een.

Am klenge Bistro bei ons an der Gässel,
wou fir ons d'Liewe nach liewenswäert ass,
am klenge Bistro bei ons an der Gässel,
do freet dech keen wats de hues oder bass.

Beim Comptoir hänkt d'Mauer voll Kaarte vu Frënn mat Bonjouren a Vakanzendreem,
Gespréich duerchenaner, eng Stëmm aus der Jukbox, all dat ass e Stéck vun doheem,
Du wërfs 5 Frang an e Spillautomat a kucks aneren beim Kaartespill zou,
du stees da bei dem Comptoir mam Patt an der Hand an du bass dobäi glécklech a frou.

Am klenge Bistro bei ons an der Gässel,
wou fir ons d'Liewe nach liewenswäert ass,
am klenge Bistro bei ons an der Gässel,
do freet dech keen wats de hues oder bass.

Et gëtt diskutéiert vum Sport, vun der Aarbecht, vum Fridde, vum Krich a vum Geld,
beim Schnapps a beim Béier fënnt jiddereen d'Léisung fir d'Problemer all vun der Welt.
Eng Zoossisseschmier gëtt et och hei beim Wiert, all dat Schwätze mécht hong'reg a midd,
deng Rechnung déi steet op dem Béierdeckel drop, awer hei huet dach all Mënsch Kredit.

|: Am klenge Bistro bei ons an der Gässel,
wou fir ons d'Liewe nach liewenswäert ass,
am klenge Bistro bei ons an der Gässel,
do freet dech keen wats de hues oder bass. :|


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.