Lidderbuch

E30 - An Amerika

Vu mengem Dueref goung ech hier,
Dat frësch am Grénge läit
Dohannen iw'rem grousse Mier
Sou wäit vu mir, sou wäit;
Do steet en aremt klinzegt Haus,
Eng Bänk virun der Dir,
Do breet eng Lann hir Blieder aus,
mécht kille Schied derfir:

Wéi hunn ech d'Hierz sou wéi!
Gett mir mäin Dach vu Stréi
A mengem Duerf erëm,
Ech géif iech alles drëm!

Vu menger Mamm fort goung ech hier;
Dee gudden Engel do,
Mat hirem Hierz geet iwwer d'Mier
Si iwwerall mir no;
Op onser Bänk virun der Dir
hu mir sou oft gesiess,
A koum ons d'Liewen däischter fir,
mir hunn et do vergiess:

Wéi hunn ech d'Hierz sou wéi!
Gett mir mäin Dach vu Stréi
A mengem Duerf erëm,
Ech géif iech alles drëm!

Vun hinnen zwee fort goung ech hier,
Hunn néierens keng Rou;
An zënter zwëschen ons dat Mier,
Ginn ech och net méi frou;
Kënnt op der Bänk virun der Dir
Ech sëtzen eng Minutt
Bei hinnen zwee, da wär et mir
op dëser Welt rëm gutt!

Wéi hunn ech d'Hierz sou wéi!
Gett mir mäin Dach vu Stréi
A mengem Duerf erëm,
Ech géif iech alles drëm!


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.