Lidderbuch

E01 - An engem klengen Dueref

An engem klengen Dueref,
gouf Butschebuerg genannt.
Do hate mir kee Lueref,
d'Leit hun ons all erkannt.
Mat Knëpp'len an mat Beng'len,
si si ons nogewëscht.
Mir si geflu wéi d'Engelen,
mam Instrument op d'Mëscht.

Hei t'ass eng Freed,
ewéi dat geet,
mir halen op der Gaass,
mir man de Leit vill Spaass.
D'Klarinett ass ëmmer Prett,
d'Leit laache sech eng Boss,
mee t'ass och net ëmsoss.

Ass Kiermes mol dorëmmer,
da si mir fein eraus.
Mir man et wéi déi Lënster,
a gi vun Haus zu Haus.
Mir sangen an mir päifen,
a fänken kräfteg un,
da kommen aus alle Fënst'ren,
d'Kachdëppen nogeflunn.

Hei t'ass eng Freed,
ewéi dat geet,
mir halen op der Gaass,
mir man de Leit vill Spaass.
D'Klarinett ass ëmmer Prett,
d'Leit laache sech eng Boss,
mee t'ass och net ëmsoss.

Mir hate wuel am Liewen,
scho munnech schwiereg Fäll.
A sollte mir mol stierwen,
da fléie mir jupps an d'Hell.
Mir fänken un ze blosen,
dat hält keen Däiwel aus.
Mir blosen wéi Klorosen,
bis dass s'ons loossen eraus.

Hei t'ass eng Freed,
ewéi dat geet,
mir halen op der Gaass,
mir man de Leit vill Spaass.
D'Klarinett ass ëmmer Prett,
d'Leit laache sech eng Boss,
mee t'ass och net ëmsoss.

Da komme mir an den Himmel,
wou d'Engelcher do sinn.
Mir zéien un der Bimmel,
a man eng glécklech Minn.
Wa mir e Liddchen sangen,
dat d'Mau'ren zidderen deet,
dann d'Engelcher déi sprangen,
vun Gléck a lauter Freed.

Hei t'ass eng Freed,
ewéi dat geet,
mir halen op der Gaass,
mir man de Leit vill Spaass.
D'Klarinett ass ëmmer Prett,
d'Leit laache sech eng Boss,
mee t'ass och net ëmsoss.

Da kennt den hellege Péitruss:
„Ech mengt wann dir iech dréckt!
Dir maacht mir jo meng Engelen,
meng Engele ganz verréckt.”
Do si mir ofgegaangen,
do si mir ofgefall,
an ouni Zécken a Baangen
no Diddeleng an den Dall

Hei t'ass eng Freed,
ewéi dat geet,
mir halen op der Gaass,
mir man de Leit vill Spaass.
D'Klarinett ass ëmmer Prett,
d'Leit laache sech eng Boss,
mee t'ass och net ëmsoss.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.