Mir studéieren an de frieme Länner,
vill schwéier Fächer mat vill Fläiss
Dobäi si mir net ëmmer niichter,
a schwätzen och emol franséisch.
A mir lafen och emol plaakeg,
duerch Paräis an eiser Pracht,
dobäi goufe mir bal praktesch,
vun den C...R...S zerfacht.
Béier, Bingo, Finanzkris a Schampes,
an dat alles zu Paräis!
Op der REEL weise mir de Schlämpes,
wann dir eng an d'Schäiss gehäit.
Béier, Bingo, Finanzkris a Schampes,
an dat alles zu Paräis!
Keng Idealer an keng Ziler,
mä dofir eng Wixmaschinn.
A wat hu mir hei geléiert,
ma maach deng eege Firma op.
Mat engem Belsch wier net verkéiert,
dréin deng eege Welt op d'Kopp.
Ënnerstëtzt gëss du och kräfteg,
vum Luc Frieden, sief dach schlau.
Du profitéiers heivunner kräfteg,
a wiel och nëmmen d'CSV.
Béier, Bingo, Finanzkris a Schampes,
an dat alles zu Paräis!
Op der REEL weise mir de Schlämpes,
wann dir eng an d'Schäiss gehäit.
Béier, Bingo, Finanzkris a Schampes,
an dat alles zu Paräis!
Keng Idealer an keng Ziler,
mä dofir eng Wixmaschinn.
A geet deng Firma eemol d'Baach an,
an du hues es déckeg sat,
ma-ach d'Rull ewéi de Biltgen,
a géi nëmme bei de Staat.
A bass du guer net interesséiert,
an du wëlls och kee Beruff,
sou laang gëtt nach studéiert,
mat Kollegen an dem Soff.
Béier, Bingo, Finanzkris a Schampes,
an dat alles zu Paräis!
Op der REEL weise mir de Schlämpes,
wann dir eng an d'Schäiss gehäit.
Béier, Bingo, Finanzkris a Schampes,
an dat alles zu Paräis!
Keng Idealer an keng Ziler,
mä dofir eng Wixmaschinn.
Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.