Lidderbuch

E04 - De Charel

Ech koum op d'Welt zu véier Méint,
meng Mamm wor net doheem,
mäi Papp wor voll an huet getéint,
wat maache mir mat deem.
Mä ech sot gläich: sief net besuergt,
ir mech gëtt scho gesuergt.
Deen hei dee kënnt op d'Eisebunn.
Charel, Charel, jäizt du mäi Papp, wat geet dech un,
Charel do bleif mer dervun.

Charel, Charel donk uecht wat's de méchs
Well du schaffs jo net gär
Charel, Charel op der Bunn gëss du sécher keen Här.

Mäi Papp hat Recht, well spéiderhin,
du wor mer d'Saach scho leed.
Well op der Bunn konnt ech gesinn,
dat do keen méisseg geet.
Do heescht et ëmmer hopp hopp hopp,
mam Teimer an der Schepp.
An hun ech eppes an der Rei.
Charel, Charel, jäizt dann de Meeschter, heielei,
Charel maach mir nach dat hei.

Charel, Charel donk uecht wat's de méchs
Well du schaffs jo net gär
Charel, Charel op der Bunn gëss du sécher keen Här.

Ech wollt scho menger Wee nees go'n,
mä d'Fra wollt dat net hunn.
Hir wor et an de Kapp geschlo'n,
Si hält op d'Eisebunn.
Déi sécher Plaz, dee schéine Loun,
Herno déi flott Pensioun.
Eng Uniform nach uewendrop.
Charel, Charel, jäizt si, schlo dir dat aus der Kopp,
Charel du bleifs mer drop.

Charel, Charel donk uecht wat's de méchs
Well du schaffs jo sou gär
Charel, Charel op der Bunn gëss du villäicht nach een Här.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.