|: D’Lidd vum Muselgreechen ass dat schéinste Lidd,
D’Lidd vum Muselgreechen gidd der keemols midd,
An de Muselgreechen ass dee beschten Dronk,
E mécht den Driibsal lëschteg an den Alter jonk, :|
De Greechen deen ass onser Saach, ass hien och sauer vum Geschmaach,
‘t soll keen iis e verschmieren, ‘t soll keen iis e verschmieren.
Wat haard ass mä dat hält de Bass an hie soll bleiwe wéi en ass,
Esou hu mir e gieren, jo gi-i-ren.
|: D’Lidd vum Muselgreechen ass dat schéinste Lidd,
D’Lidd vum Muselgreechen gidd der keemols midd,
An de Muselgreechen ass dee beschten Dronk,
E mécht den Driibsal lëschteg an den Alter jonk, :|
E läit a sénger hëlze Wéih, da féilt e sech vu Jux nëmméi,
Da mécht e scho Spektakel, da mécht e scho Spektakel.
Vum Däuschen a Spektakel maan, do kréit de Käerel Fei’r an d’Aan,
Do gëtt en hell a faackel, jo faa-aa-ckel.
|: D’Lidd vum Muselgreechen ass dat schéinste Lidd,
D’Lidd vum Muselgreechen gidd der keemols midd,
An de Muselgreechen ass dee beschten Dronk,
E mécht den Driibsal lëschteg an den Alter jonk, :|
Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.