Lidderbuch

C04 - De Student dee net konnt op d'REEL goen (Karlsruhe)

Firwat hues du mir dat ugedoen?
Ech wollt onbedéngt ob d'REEL goen.
D'Umellung fir d'REEL ass lo op
Säit engem Joer waarden ech drop!
An de Programm, deen ass sou top!
Et geet lass mam ACEL Workshop
Ech weess wat der un hir gefält!
Et ass flott a kascht net vill Geld!
Ech well mam Bus dohi well ech keen Auto hunn,
wann net da kommen ech mam Fliger un.

An awer eppes dat kann ech verspriechen,
ech wärt dem Biltgen nach ee Fanger briechen.
Da sinn ech ee Star deen an der Zeitung steet.
Leider war d'Umellung schonn voll an du war ech ze spéit!
Ze spéit!

Dir sidd mat der REEL am IHK gewiescht!
Meng Mamm huet mer nëmme Fix a Foxi virgelies.
Dir waart deier iessen, natierlech am Renaissance,
bei mir gouf et ee Sandwich Made en France.
De Gedanke, bréngt mech an d'Gruef!
Dir kritt dat, wat ech net duerft!
Ech haasse mech, wann et dat gëtt,
sou wéi ech mech virdru gefreet
Ech wollt per Force an de Bus eran,
ech wosst net dass de Buschauffer, Karate kann!

Mee d'nächst Joer do wärt ech mech rächen,
ech plangen d'REEL an da kënnt dir blechen.
Da sinn ech ee Star deen an der Zeitung steet,
jo dann deet et iech leed, mä da sidd der ze spéit!
Mee d'nächst Joer do wärt ech mech rächen,
ech plangen d'REEL an da kënnt dir blechen.
Da sinn ech de Chef an dir laaft hannert mer no,
mee dann ass et ze spéit dann ass keng Platz méi do!
Ze spéit!


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.