Lidderbuch

B05 - Den Oochener Student – AVL

Ee Jong, dee wollt emol studéieren,
dee frot sech, wat maachen ech elo
wéi hien sech do wollt informéieren
wor och een vun Oochen do
dee sot, et geet näischt iwwer Oochen
an d'Uni dat ass déi bescht
dee Jong deen huet sech dat unhéieren
a sot sech, dat do kléngt net schlecht!

Kuerz drop, huet hien sech ageschriwwen
op der RWTH
de Papp, den duecht, mäin Jong ass duerchdriwwen
dat do, dat geet an d'A
de Jong dee sot, guer näischt!
Schliisslech sinn ech net domm
An ausserdeem hunn ech meng Première
a sinn e seriöse Jong

Rumtata, Rumtata, ...

D'Semester dat huet ugefaangen
an hien wor och der bäi
hien ass an all Virliesung gaangen
an souzt an der éischter Rei
dat do dat sinn einfach Saachen
dat ass jo alles kloer
Ech mengen, ech wärt mäin Ingenieur maachen
a manner wéi fënnef Joer

Mam Äifer wor et schnell gedoen
et woren emol kéng véierzéng Deeg
wéi hien do an säin Cours wollt goen
do trefft hien een ale Kolleg
„Du bass och hei zu Oochen?
Ma dat ass eng fei Saach“
Den Freed deen sot, „dat do ass fantastesch,
lo gëtt mol eng Rull gemaach!“

Rumtata, Rumtata, ...

Deen éischten Bistro, wou si du goungen,
do wor et wierklech uereg
all déi, déi op den Dëscher stoungen
déi koumen vun Lëtzebuerg
jet Humpen huet hien konsomméiert
hien hat eng déckeg un
den Dag drop, gouf näischt méi geléiert
well de Jong war net gutt drun

Déi nächst Deeg, Wochen a Méint
do goung et net anescht erof
an huet et him zevill gedréint
dann huet hien am Bistro geschlof
hien huet gesoff a gefeiert
hien wor den Béierheld
a wéi déi éischt Klausuren kummen
huet hien se ofgemellt!

Rumtata, Rumtata, ...

Déi nächst Semester gouf nach ëmmer,
alles drop gemaach
et gouf souguer, nach vill schlëmmer
an d'Liewer gouf méi haart
a schliisslech no etlech Semester
koum dat, wat hien net wollt
dunn ass hien am drëtte Minister
ratzekal duerchgetrollt!

Taataatata, ... (Tauermarsch-Musék)

Säi Studium ass elo geschass
kee Frang méi hannen a vir
a wéi hien zréck op Lëtzebuerg komm ass
stoungen d' Valissen virun der Dir
dofir Leit loosst Iech beléieren
a maacht kéng sou eng Gaffen
drénkt dir gären eng etlech Béieren
da gitt dach nëmmen schaffen!


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.