Lidderbuch

E12 - Dikrecher Béierlidd

Mueres, wann d'Klack an aller Fréi laut,
Da gëtt zu Dikrech de Béier gebraut,
De Braumeeschter ass jo dann och schonn um Dill,
A wierzt onse Béier mat esou vill Gefill,

A Fläsche, a Fässer gëtt hien agefëllt,
An d'Ländchen gefouert, duer wou et gëllt.
Hei hiewen mir d'Glas, ze läschen eis Bränn
Fir d'éischt awer klappe mir ganz dichteg an d'Hänn.

E gudden Dikrecher dee bréngt eis all op d'Been,
Egal wéini wou (wou), mir si beieneen,
An drénken en Himpchen vun Dikrech mat Genoss,
Dee schmaacht iwwerall, dobaussen an och soss!

Owes, am Ländchen, do ass munches lass,
Hei bréngt hien ons esou richteg a Schmass,
Da gëtt gefeiert, gegeckst a gelaacht,
Hien hält ons d'Partie, well en Dikrecher schmaacht.

Mir drénken op d'Frëndschaft, an net nëmmen een,
Mat Dikrech, je do, gi mir nach laang net heem.
Dann hiewen mir d'Glas, ze läschen eis Bränn,
Fir d'éischt awer klappe mir ganz dichteg an d'Hänn.

E gudden Dikrecher dee bréngt eis all op d'Been,
Egal wéini wou (wou), mir si beieneen,
An drénken en Himpchen vun Dikrech mat Genoss,
Dee schmaacht iwwerall, dobaussen an och soss!

A wann owes spéit mol Problemer entstinn,
Eng kleng am Kanelli, dat soll et nach ginn.
Da fuere mir heem natierlech mam Won,
Mir musse jo nach déi hou're Flicke plo'n!

De Wee ass bekannt, och mat dräi Promill,
T'sinn alt eemol just Autosspig'len zevill.
De Flic dee jäizt hält, de Führerschäi fort.
Mä trotzdem bleift d'Saufen dee weltschéinste Sport!

E gudden Dikrecher dee bréngt eis all op d'Been,
Egal wéini wou (wou), mir si beieneen,
An drénken en Himpchen vun Dikrech mat Genoss,
Dee schmaacht iwwerall, dobaussen an och soss!


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.