Lidderbuch

E13 - Drénkt e Patt op mech

Lo wéini gouf mer d'Zäit sou laang
an ech si gläich an de Bistro gang (lalalalala)
de Wiert deen huet dunn d'Glieser gespullt
an d Wiertsfra huet an der Kees gewullt (lalalalalala)
10 Mann di souzen dohannen am Eck
et wor dee Furri, ech maache kee Geck (lalalalalala)
Komm setz dech hei bei eis un den Dësch
sief kee Fräsch a sief kee Fësch
ech son: hey hey drénkt all e Patt op mech

|: Drénkt e Patt, drénkt e Patt, drénkt e Patt op mech
drénkt alleguer e Patt op mech
Hey hey, drénkt all e Patt op mech :|

Mir hunn du mat der Kaart gespillt
fir ze kucken ween déi Tournee bezillt (lalalalalala)
Du beemol sot ech: ech sin esou midd
a méng Zong déi huet den Dadder kritt
hey hey, drénkt all e Patt op mech

|: Drénkt e Patt, drénkt e Patt, drénkt e Patt op mech
drénkt alleguer e Patt op mech
Hey hey, drénkt all e Patt op mech :|

Du soot mai Frënd: bleiw nach eng Grëtz
an drénk mol aus a maach keng Bëtz
hey hey drénkt all e patt op mech
En zitt mer d Suen aus der Täsch
drenks de aus dem Glas oder aus der Fläsch
ech son: hey hey, drénkt all e Patt op mech

|: Drénkt e Patt, drénkt e Patt, drénkt e Patt op mech
drénkt alleguer e Patt op mech
Hey hey, drénkt all e Patt op mech :|


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.