Lidderbuch

E14 - Ech drénke gär mäi Pättchen

Scho virun dausend Joer,
wor et bei ons ganz schéin.
Du hate mir, t'ass kloer,
schonn Drauwen an de Wäin.
Och Branntewäin a Béier,
goufen am Ländche gebraut.
Sou wor et bei ons scho fréier,
sou maache mir et nach haut.

Ech drénke gier mäi Pättchen,
a mengem Stammlokal.
Doheem an och beim Kättchen,
mir schmaacht en iwwerall.
Drénkt mat Genoss e Glieschen,
a maacht iech Näischt ze dinn.
Well onse Misler Wéngchen,
ass Hergottsmedezin,
well onse Misler Wéngchen,
ass Hergottsmedezin.

An hunn ech eemol Suergen,
doheem a mengem Stot,
beim Wiert sinn ech gebuergen,
do ginn ech net geplot.
Dofir loosst Iech et soen,
geet Eppes Iech géint de Stréch,
wann d'Suergen Iech eemol ploen,
da maacht et grad ewéi ech.

Ech drénke gier mäi Pättchen,
a mengem Stammlokal.
Doheem an och beim Kättchen,
mir schmaacht en iwwerall.
Drénkt mat Genoss e Glieschen,
a maacht iech Näischt ze dinn.
Well onse Misler Wéngchen,
ass Hergottsmedezin,
well onse Misler Wéngchen,
ass Hergottsmedezin.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.