Lidderbuch

E15 - Eise gudde Béier

'T ass dach e Genoss ze liewen,
wann ee kann säin Himpchen hiewen,
mat de Frënn um ronnen Dësch,
fills de dech sou fräi a frësch.
Wann de Béier gutt gekillt,
dir ëm Zong an Zäppche spillt.

Ei, eise gudde Béier mécht dem Wiert all Éier,
d'Dammen all an d'Hären, hunn en esou gären.
Eng déi huelen een am Steen,
anere mécht e Spaass am Glas,
ma wien es drénkt seet frougemutt,
ei, eise Béier deen ass gutt.
Ma wien es drénkt seet frougemutt
ei, eise Béier deen ass gutt.

Do wou d'Béierquelle fléissen,
d'Frënn dech all mat “Prost” begréissen,
wou den Humpe schaumgekréint,
laacht dir goldegiel entgéint.
Wou de Wiert säin Handwierk kennt,
do ass ni eppes wat brennt.

Ei, eise gudde Béier mécht dem Wiert all Éier,
d'Dammen all an d'Hären, hunn en esou gären.
Eng déi huelen een am Steen,
anere mécht e Spaass am Glas,
ma wien es drénkt seet frougemutt,
ei, eise Béier deen ass gutt.
Ma wien es drénkt seet frougemutt
ei, eise Béier deen ass gutt.

Wéinst dem sëffeg-frësche Béier,
mécht den Duuscht esou Plëséier,
't glëschtert ee vu spéit bis fréi,
well all Humpe schmaacht no méi.
T'kann een him net widderstoen,
an 't vergësst een heem ze goen.

Ei, eise gudde Béier mécht dem Wiert all Éier,
d'Dammen all an d'Hären, hunn en esou gären.
Eng déi huelen een am Steen,
anere mécht e Spaass am Glas,
ma wien es drénkt seet frougemutt,
ei, eise Béier deen ass gutt.
Ma wien es drénkt seet frougemutt
ei, eise Béier deen ass gutt.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.