Lidderbuch

E18 - Fei Leit ginn zu Fouss

Fei Leit ginn zu Fouss,
de Pak dee fiert mam Aut'mobil.
Wie keng Fotell huet,
dee setzt sech grad sou gär op d'Still.
Wie kee Piano huet
dee päift um Mondstéck mat Gefill,
jo dat kascht och net sou vill.

Glori, glori alleluja, glori, glori alleluja,
glori, glori alleluja, jo dat kascht och nët sou vill.

Schëtt de Kaffi duerch eng Strëmp,
mä huel nëmmen ni eng frësch.
Lee déng Schmier op d'Bänk,
a stell déng Schong schéin op den Dësch.
Hues d'emol keen Esseg,
da schëtt Framboise op d'Zalot,
jo, sou huet den Chef gesot.

Glori, glori alleluja, glori, glori alleluja,
glori, glori alleluja, jo sou huet den Chef gesot.

D'Lëtzebuerger Jongen hunn,
hir Schong gutt ageschmiert.
An all Plaz vum Zelt,
gëtt mat der Zännbiischt ausgekiert.
An dat bescht Geméis,
dat ass e Bifdeck vun zwee Pond,
jo, dat hält de Kapp gesond.

Glori, glori alleluja, glori, glori alleluja,
glori, glori alleluja, jo dat hält de Kapp gesond.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.