Lidderbuch

B06 - Friblëtz-Hymne

Rout wäisst Kräiz, dat ass d'Schwäiz
Fribourg ass eis Unis-Stadt.
Op der Pérolles oder PH
Cardinal mëcht ons sat.
Funiculaire, Belvédère
Mir si kleng awer oho.
Schwäizer Frang, plus Gesang
Party am Taco Loco.

Jiddereen danzt um Dësch
Den Owend ass nach frësch
Dowéinst sange mir lo dräisproocheg:
Nous chantons, Fribourg
Etudiants, mais du Luxembourg.
Rädest' dütsch? – eng Grëtz
Loset her! – eise Cercel heescht Friblëtz.

Schockela, Kéisfondue
D'Resultat hei vun de Kéi.
Ob um Schi, ob um Schlitt,
ob um Snowboard oder Lift
Hu mir Spaass am Schnéi.
Les dragons de Gottéron
Schlon de Bieren eng an d'Fress.
Ancienne Gare, Antidote
Oder och Café de la presse.

Jiddereen danzt um Dësch
Den Owend ass nach frësch
Dowéinst sange mir lo dräisproocheg:
Nous chantons, Fribourg
Etudiants, mais du Luxembourg.
Rädest' dütsch? – eng Grëtz
Loset her! – eise Cercel heescht Friblëtz.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.