Lidderbuch

E39 - Futtballslidd

Kommt emol op d'Land eraus, da kënnt dir do gesinn,
wéi Sonndes Mëttes d'Futtballisten op den Terrain ginn.
Kuckt emol déi Flott Kadetten, eelfe beieneen,
da rufft dir all aus engem Mond, nee, nee, déi do wichst keen.

Wa mir Futtball spillen, hält keen ons de Bass,
déi éischt zéng Minutten gi mir schonn drun, da gi mir lass.
Kee Mënsch kann ons halen, wann ons Goler falen,
an all Dreck an och all Pull, hu mir an zéng Minutten eelef null.

D'lescht du hat um Match mat Steng gehäit mäi freche Bouf,
esou gediicht dass et op d'Stir den Här Arbitter gouf,
du hunn ech hie gutt gefreet, op eemol rifft seng Stëmm,
't ass Halbzäit Papp et huet gepaff, lo wiessele mir ëm.

Wa mir Futtball spillen, hält keen ons de Bass,
déi éischt zéng Minutten gi mir schonn drun, da gi mir lass.
Kee Mënsch kann ons halen, wann ons Goler falen,
an all Dreck an och all Pull, hu mir an zéng Minutten eelef null.

Ass emol e Lännermatch, da kënnt dir do gesinn,
wéi dann ons Nationalequiper op dem Terrain stinn.
Kuckt emol déi flott Kadetten, eelef beieneen,
da rufft dir mat dem Feierwon, nee, nee, déi do wichst keen.

Wa mir Futtball spillen, hält keen ons de Bass,
déi éischt zéng Minutten gi mir schonn drun, da gi mir lass.
Kee Mënsch kann ons halen, wann ons Goler falen,
an all Dreck an och all Pull, hu mir an zéng Minutten eelef null.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.