Lidderbuch

E06 - De gekachte Kéis

De Yankee ësst mat Genoss Filet Tatare,
De Russki schwiert op de schwaarze Kaviar,
Beim belsche Noper do ass et Pommes de terre frites,
Déi dir fir fënnef Frang op allen Ecken kritt,
Zu Marseille schluppt een d'Bouillabaise,
Den Homard mat der Mayonnaise,
Zu Tréier gëtt et “im Gelee”,
Schweinerippchen fir déi preisesch Mee,
Ma d'lëtzebuerger Stéit, hunn eng Spezialitéit,
Et ass kee Fleesch, 't ass kee Geméis, et ass de Kéis.

Ei ei ei ei, mir hu gekachte Kéis,
't ass ee Genoss, dat schmantegt gielt Gefréiss,
Kéis op enger laanger laanger Kuuscht,
An en Humpen fir den Duuscht,
Mat Botter drënner, drop e Moschterflapp,
Ei ei ei ei, wéi schmaacht et dann dem Papp,
Mä gitt uecht. de Kéis ass nëmmen echt:
Wann e pecht, wann e pecht, wann e pecht.

Fir sou e gudden gekachte Kéis ze kachen,
Do gitt beileiwen net an eng Molkerei,
Eng Baurefra mat en etlech décke Brachen,
Bréngt iech déi Saach vill méi schneekeg an eng Rei,
Geféngt, gepresst a gutt getriwwelt,
Gerappt, gefault. am Bett zermautscht,
Et ass kee Mënsch deen dat veriwwelt
Duerno getriwwelt an zerknautscht.
Jo, d'lëtzebuerger Stéit hunn eng Spezialitéit,
Et ass kee Fleesch, 't ass kee Geméis, et ass de Kéis.

Ei ei ei ei, mir hu gekachte Kéis,
't ass ee Genoss, dat schmantegt gielt Gefréiss,
Kéis op enger laanger laanger Kuuscht,
An en Humpen fir den Duuscht,
Mat Botter drënner, drop e Moschterflapp,
Ei ei ei ei, wéi schmaacht et dann dem Papp,
Mä gitt uecht. de Kéis ass nëmmen echt:
Wann e pecht, wann e pecht, wann e pecht.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.