Lidderbuch

C09 - Hei zu Tréier (Tréier)

Et ass kloer, een mol d'Joer
Ass 4 Deeg eng gréisser lass
Soff an Dusel un der Musel
T’gouf héich Zäit datt d`REEL ass

An hei sinn mer, zesummen stinn mer
Hei zu Tréier REEL
Et gëtt gefeiert, kommt heihinner
Hieft är Béier REEL

De Marxe Charel, den Hornse Guildo
Sinn all Bouwen vun der Staat
Wollt sou maachen sou wéi deemools
De Student dee war gutt sat

An hei sinn mer, zesummen stinn mer
Hei zu Tréier REEL
Et gëtt gefeiert, kommt heihinner
Hieft är Béier REEL

Am Ufank stoung en, bemol loung en
Nieft dem Comptoir voll wéi d'Sau
Awer well mer en net loosse leien
Schleefe mir en a säi Bau

An hei sinn mer, zesummen stinn mer
Hei zu Tréier REEL
Et gëtt gefeiert, kommt heihinner
Hieft är Béier REEL

En huet getuddelt, en huet gespruddelt
Am Sales-Lentz déi houer Panz
A wéi mer en dunn doheem mol haten
Huet hien gereiert, schéi Vakanz!

An hei sinn mer, zesummen stinn mer
Hei zu Tréier REEL
Et gëtt gefeiert, kommt heihinner
Hieft är Béier REEL

Wäin an Orgien, Porta Nigra
D’Réimer haten hire Spaass
Eemol liewen wéi den Caesar
Ass an d’Box gaang an war dunn naass

An hei sinn mer, zesummen stinn mer
Hei zu Tréier REEL
Et gëtt gefeiert, kommt heihinner
Hieft är Béier REEL

Dat bescht géint Migräne, Konterbéier
Well mir ginn nach laang net heem
Mier drénken weider hei zu Tréier
Seng Saachen packen well wierklech keen

An hei sinn mer, zesummen stinn mer
Hei zu Tréier REEL
Et gëtt gefeiert, kommt heihinner
Hieft är Béier REEL


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.