Lidderbuch

E11 - Den Hexemeeschter

Ech sinn de groussen Hexemeeschter,
A wann ech Hokes Pokes soon,
Sinn all Gespenster wéi all Geeschter,
Mir ënnerdon, mir ënnerdon!

Kënnt eppes an de Stall geschlach,
A muerges sinn all d'Kéi gestrach,
Hält sech anzwousch en Trauliicht op,
Sinn d'Wiichtelcher an enger Kichen,
A setzen d'Kréibänk nuets op d'Kopp.

Da kommen d'Leit mech sichen
Da kommen d'Leit mech sichen
A kuck elei, kuck elei, kuck elei,
Deen an'ren Dag, deen an'ren Dag,
ass Alles an der Rei.

Ech sinn de groussen Hexemeeschter,
A wann ech Hokes Pokes soon,
Sinn all Gespenster wéi all Geeschter,
Mir ënnerdon, mir ënnerdon!

Ass do an deem verwonsch'ne Schlass,
Am Liichteschäin der Däiwel lass,
Wéisst gär en Ehemann Bescheed,
Op d'Fra, wann s'op dem Biesem reiden,
No Kopelescht mat danze geet?

Wien hëlleft dann de Leiden?
Wien hëlleft dann de Leiden?
Mais, Hei elei (Hei elei), Kukk elei (Kukk elei)
Keen aneren, keen aneren
Keen aneren wéi deen hei!

Ech sinn de groussen Hexemeeschter,
A wann ech Hokes Pokes soon,
Sinn all Gespenster wéi all Geeschter,
Mir ënnerdon, mir ënnerdon!


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.