Lidderbuch

E07 - De Jangli

De Jangli fiert den Houwald erop,
Oh wier e gutt do uewen op der Hesperkopp,
D'Maschinn wackelt iwwer d'Schinnen dohin,
Vun lauter Damp kënnt dir net méi ganz vill gesinn,

Ah…Ah

De Scheierbierg erof, do geet et méi schnell,
Do héiert een d'Gebimmels nëmmen vun der Schell,
Zu Réimech op der Gare hält en een Abléck,
Da gëtt en ëmgedréint a flott geet et nees zréck,

Hei kënnt hien, Hei kënnt hien, Hei kënnt hien,
Uh Uh. Piep Piep
Uh Uh.

Säi Frënd de Charly ass e Geck,
E fiert duerch d'Avenue erof bis op d'nei Bréck,
Laanscht d'Charly's Gare an den Rollengergronn,
Dofir brauch hien ongeféier annerhallef Stonn,

Ah…Ah

Zu Iechternach do kënnt hien un,
D'Sprangprëssesioun déi wor emol een Mount virdrun,
Mä d'Voyageuren déi sinn apaart,
Da gëtt eben op déi vum nächste Joer gewaart

Hei kënnt hien, Hei kënnt hien, Hei kënnt hien,
Uh Uh. Piep Piep
Uh Uh.

Am Kongo freet sech haut all Af
Weil mir hunn eisen Zichelchen dohin verkaaft
All Neger ass geschwënn gutt drun
Wa si emol de Jängelchen dohannen hunn

Ah...Ah

Dofir halen mir op d'Eisebunn,
Wouhin dir och wëllt fueren. dir kommt ëmmer un,
Och mat Verspéidung mä d'ass egal,
Duercherneen gerëselt ower dir kritt d'Féiss net kal.
Duercherneen gerëselt ower dir kritt d'Féiss net kal.
Duercherneen gerëselt ower dir kritt d'Féiss net kal.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.