Lidderbuch

E34 - D'Kadette vun der Sprëtz

Dir Bierger schlooft nun all a Rou,
d'Stad déi wäert net verbrennen,
är Sécherheet ass ëmmerzou,
am Pompjee sengen Hännen.
Hei si mer, fierech net eng Grëtz,
well mir sinn d' Kär'le vun der Sprëtz,
well mir sinn hei an iwwerall,
d' Kadette vun der Sprëtz.

Mat Waasser läsche mir e Brand,
mä fir den Duuscht ze läschen,
huet keen en Eemer an der Hand,
mir pomp'le mat de Fläschen.
Hu mir och heiansdo eng Spëtz,
mir sinn jo d'Kär'le vun der Sprëtz,
mir si jo hei an iwwerall,
d'Kadette vun der Sprëtz.

Wann aus schéin Aen op eisereen,
routgliddeg Quonke falen,
dat Feier stellt een net, o neen,
et weess een z'ënnerhalen.
A mir hunn d'Fraleit am Geschëtz,
well mir sinn d'Kär'le vun der Sprëtz,
well mir sinn hei an iwwerall,
d'Kadette vun der Sprëtz.

An heescht et an de Krich ze go'n,
't géif eis net bal ze schmeier,
keen eenzege bléif hanne sto'n,
't ass ee gewinnt un d'Feier.
Mir hu keng Angscht vru Flam a Blëtz,
well mir sinn d'Kär'le vun der Sprëtz,
well mir sinn hei an iwwerall,
d'Kadette vun der Sprëtz.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.