Lidderbuch

E19 - Kättche, Kättche

Et wuessen an de frieme Länner,
vill schwéier Wäiner roud a wäiss.
Si si gesicht vu ville Kenner,
vum Rhäin bis déi säit vu Paräis,
ech hale mech un d'Mislerlblimmchen,
dat ass de Wéngche fir onst Land,
e geet dem Jonktem wéi dem Éimchen,
wann si en drénke mat Verstand.

Kättche, Kättche bréng mer nach e Pättche,
vun der Musel a soss keen.
Ei, wéi schmaacht mer dee Kadettchen,
t'ass en Dronk fir Broscht a Been.
Kättche, Kättche bréng mer nach e Pättche,
vun der Musel a soss keen,
ei wéi schmaacht mer dee Kadettchen,
t'ass en Dronk fir Broscht a Been.

Wou kënnt Dir nach e Wéngche fannen,
esou gemittlech a sou frësch,
t'gëtt een sou liicht dervun heibannen,
dir gitt gesond ewéi e Fësch.
Vill Wäiner maachen d'Leit wéi rosen,
d'Gesiichter glouse wéi eng Schmelz.
Mä dat muss een dem Misler loossen,
hie suergt datt s du de Kapp behäls.

Kättche, Kättche bréng mer nach e Pättche,
vun der Musel a soss keen.
Ei, wéi schmaacht mer dee Kadettchen,
t'ass en Dronk fir Broscht a Been.
Kättche, Kättche bréng mer nach e Pättche,
vun der Musel a soss keen,
ei wéi schmaacht mer dee Kadettchen,
t'ass en Dronk fir Broscht a Been.

Ob dir bedreift sidd oder lëschteg,
en deet seng Fliicht zu jidder Stonn.
En ass vun heem aus fromm a chrëschtlech,
e krut de Seege vun der Sonn.
Bleift him ewech mat Zockerwaaser,
e brauch net méi gedeeft ze ginn,
e séngt mam Lentz fir net ze spaassen:
„Mir wëlle bleiwe wat mir sinn!“

Kättche, Kättche bréng mer nach e Pättche,
vun der Musel a soss keen.
Ei, wéi schmaacht mer dee Kadettchen,
t'ass en Dronk fir Broscht a Been.
Kättche, Kättche bréng mer nach e Pättche,
vun der Musel a soss keen,
ei wéi schmaacht mer dee Kadettchen,
t'ass en Dronk fir Broscht a Been.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.