Lidderbuch

E40 - Kettenhändler & Cie

Héiert dir bumm! bumm! D'Kanoune wéi se schéissen,
't rubbert nees, 't dubbert nees, an dat ass eng Freed.
't hat ee bal gemengt, Si géinge Fridde schléissen,
mä bernick, 't gouf kee Stéck. An dat ass e Gléck.
Well dir verstidd, 'ch hu vu munch Geschäftchen,
een Deel Bennefit, nach era net kritt.

Duerfir Gott sei Dank, datt et nees am Gank,
datt een nees mat Freed, un d'Geschäfter geet,
well 't ass e Genoss, wann d'Affär am Floss,
't brauch ee näischt ze man, 't kënnt nur sou eran,
d'Haaptsaach a keng baang, d'Fangren zimlech laang,
d'Éier méiglechst kuerz, d'A sou alleruerts.
Dann sech schnell geduckt, wann d'Gesetz ee kuckt,
a geet et net esou, dann dréckt einfach zou,
ginn 't och Nervenzich, léiwer Gott 't ass Krich,
d'Haaptsach - musst verston, datt ee sech ka son:

Mir hu Geld, mir hu Geld,
't brauch sech keen ze drécke méi,
't brauch sech keen ze quëtschen.
D'Mënz ass do, d'Freed kënnt no,
Hopp! Je kommt an huelt e Patt,
kommt huelt e Pättche mat.

'T ass lo kaum e Joer, dunn hunn ech ugefaangen,
ech hat kee Sou, ech wosst kee Sou, ech wor sou grad a bout.
Du sinn ech eng Grëtz, dorëmmer schmoggle gaangen:
Véi a Leit, Zwir an Heit, Kaffi, Wichs a Seid.
Haut sinn ech en Här, d'Scheefchen ass am rengen,
't sollt een net mengen, dass et méiglech wär,

mä wéi dir gesitt, ass d'Affär geschitt.
Kuckt wéi ech gekleet, wéi dat mir sou steet,
dann eréischt meng Fra, ganz am Astraka,
Hitt, et ass immens, ganzeg Strausseschwänz,
Seid, dass alles dauscht, Brosche wéi eng Fauscht,
Réng bis vir an d'Spëtzt, datt et nur sou blëtzt,
an de ganze Rescht, ëmmer nur dat Bescht,
wéi och d'Präisser sinn, Gelt mir kënn' et ginn.

Mir hu Geld, mir hu Geld,
't brauch sech keen ze drécke méi,
't brauch sech keen ze quëtschen.
D'Mënz ass do, d'Freed kënnt no,
Hopp! Je kommt an huelt e Patt,
kommt huelt e Pättche mat.

A wann och lo de Krich, e Järchen nur nach dauert,
gleef es mir, schreiw'n ech mir, Rentier vir op d'Dir.
Da bau'n, ech en Haus, dass d'ganzeg Stad verbauert,
Park a Gäert, Stall a Päerd, Bedéngter ouni Bäert.
Da ma' mer duer, 't gëtt en Train geféiert,
't gëtt recevéiert, grad wéi an der Cour.

An da komm der all, bei ons op de Bal,
dir wäert mol gesinn, wéi mir ons verstinn,
wéi mer mateneen, ons um Liewe freeën:
Ëmmer si mer do, wann am Casino,
wann am Cinéma, Soirée de Gala,
dann am Auditoire, vum Conservatoire,
66méiglecht ëmmer vir, well et ass ee gir,
ënnert deene Leit, wou ee sech gesäit.
A wann ee mol vläicht, iergend eppes bräicht,
't ass jo keng Affär, 't gëtt een ëmmer gär,
well ech halen och, wuerfir wär den Sproch:

Mir hu Geld, mir hu Geld,
't brauch sech keen ze drécke méi,
't brauch sech keen ze quëtschen.
D'Mënz ass do, d'Freed kënnt no,
Hopp! Je kommt an huelt e Patt,
kommt huelt e Pättche mat.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.