Lidderbuch

E20 - Klengen Himpchen

Dobaussen op de Felder steet de Weess,
a Reen a Sonn a Wand ginn him eng Bees,
aus enger Quell spruddelt d'Waasser frësch a kloer,
sou braut d'Natur schonn honnertdausend Joer.
Mat Léift, Gedold an aller Éier,
dat gëtt fir dech a mech dee beschte Béier.

Oh, du mäi léiwe klengen Himpchen,
frësch wéi déi schéinste Blimmchen.
Deng Pärele fonkelen t'ass eng eenzeg Freed.
Eng Kroun, schnéiwäiss,
aus purem Happ a Malz,
klengen Himpchen komm lo bei mech a mäin Hals.

Ee lëschtege Gesell a sprëtzeg kill,
genéisst vun him mat Freed, ma ni ze vill.
Eng gëlle Séil waart mam Häerz verdreemt a frou,
oh, du mäin Himpchen, ech drénken dir lo zou.
Kommt feiert mat, et mécht Pleséier,
fir mech an och fir dech mam gudde Béier.

Oh, du mäi léiwe klengen Himpchen,
frësch wéi déi schéinste Blimmchen.
Deng Pärele fonkelen t'ass eng eenzeg Freed.
Eng Kroun, schnéiwäiss,
aus purem Happ a Malz,
klengen Himpchen komm lo bei mech a mäin Hals.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.