Lidderbuch

B10 - Krëschtlidd LSZ

O Béierfaass, o Béierfaass,
Wat bass du dach dobanne naass,
Du gëss haut dausend Humpen hir,
An ech si frou mat dir dofir.
O Béierfaass, o Béierfaass,
Spull erof mäi Bicherhaass.

Studentebud, Studentebud,
Kasch's mech nach mäi leschte Su.
Da bass sou kleng , et ass ganz schlëmm,
Beim dënnsten Houscht da wack'len d'Wänn.
Studentebud, Studentebud,
Zwee mol zwee Meter ass ze kleng.

Dir Jempien, dir Jempien,
Hu dir da ni Versteesdemech.
Wa mir är Schëlter klaue ginn,
Hu mir näischt Béises an dem Sënn.
Dir Jempien, dir Jempien,
O loosst eis goen aus dem Bing.

O dir schéi Möss, o dir schéi Möss,
Wat mir dir ons sou vill Verdröss.
Dir sidd zu Zürech schrecklech rar,
dat huet d'Studenten krank gemaach.
O dir schéi Möss, o dir schéi Möss,
Maacht ons mol Freed a kommt gewëss.

Beim Amanda, beim Amanda,
Do gëtt et een ze saufen.
Jo bréngt eis nach ee Café Lutz,
dat deet sou gutt a mengem Biitz.
Beim Amanda, beim Amanda,
Do wëll ech ëmmer bleiwen.

O décke Péip, o décke Péip,
Wat hunn ech dech sou gären.
Ech friessen dech am Nidderduerf,
A katzen duerno an e Kuerf.
Schöne Sonntig, schöne Sonntig,
Lo gi mer nach een drénken.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.