Lidderbuch

C11 - L’Etienne – Inoffiziellt REEL-Lidd Lautern’16

Mam Schneider als Minister do si mir wierklech lass.
Hien huet kee Liiblingsdéier dat ass dach wierklech krass.
Well wie mir konnte liesen de Feierkrop dee sot.
D’RAEL de leschte Weekend déi huet de Schrëtt gewot.

Hei t’ass eng Freed wa Lautern steet.
Mir waarden op de Bus, mam Saufen ass net Schluss.
Mir behuelen ons gär donieft.
Et gëtt just domm geschwat.
A mir sinn all Dag sat.

Wat musse mir hei saufen, de Bitburger de suckt.
Wou bleift di Palette Béier, Lautern huet verkackt.
Well di schéin A-M Katztuut di ass scho gutt gefëllt.
Mee leider musse e soen den Zweck gouf net erfëllt.

Hei t’ass eng Freed wa Lautern steet.
Mir waarden op de Bus, mam Saufen ass net Schluss.
Mir behuelen ons gär donieft.
Et gëtt just domm geschwat.
A mir sinn all Dag sat.

Den Heintz dat wor ee Kärel, deen huet eis gutt gefall.
D’RAEL 2050 di fënnt jo statt am All.
Domat hu mir kee Problem, den Etienne weess Bescheed.
Well mat Deepspacemining huet d’Staatskeess ganz vill Freed.

Hei t’ass eng Freed wa Lautern steet.
Mir waarden op de Bus, mam Saufen ass net Schluss.
Mir behuelen ons gär donieft.
Et gëtt just domm geschwat.
A mir sinn all Dag sat.

D’RAEL an engem Hotel, ween hätt dat scho geduecht.
Konservativ REEL’aner di sinn ebe verbruet.
Och Calicoten klauen dat muss geléiert sinn.
Vill Léit hei op der RAEL dat einfach net verstinn.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.