Lidderbuch

B04 - D'Lauterer Lidd

Hei op Lautern stiermen d'Leit aus allen Ecken
Déi eng zitt de Studium, déi aner de Veräin
Déi eng setzen d'Nues an d'Bicher ze strecken
Déi aner fannen de Café fill méi fäin
Hei um Stammdësch trëfft sech Jonk Dënschdes Jonk an Aal
Well d'Stëmmung ass hei ëmmer kolossal

An d'Studium mëscht ee risege Spaass
T'ass schéin hei zu Lautern
Du drénks gemittlech Glas vir Glas
T'ass schéin hei zu Lautern
An Owes gi mir richteg Gas
T'ass schéin hei zu Lautern
A wann du bis a Stëmmung bass
Da kënns du net méi lass

Hei zu Lautern léisst et sech sou herrlech liewen
Ee kale Béier ass ëmmer ee Genoss
Mir probéieren de Studium ze iwwerliewen
Dofir gëtt sech och all Owend begoss
A gëtt de LSK ee mol ee Patt
Da drénkt de gréisste Sparfuchs och gären ee mat

An d'Studium mëscht ee risege Spaass
T'ass schéin hei zu Lautern
Du drénks gemittlech Glas vir Glas
T'ass schéin hei zu Lautern
An Owes gi mir richteg Gas
T'ass schéin hei zu Lautern
A wann du bis a Stëmmung bass
Da kënns du net méi lass

Zu Lautern kann et dir och mol geschéien
Du denks un alles ausser un deng Promill
Wëll de Wecker dech da mueres waakreg kréien
Vum Dag virdrun, hues du der e puer ze fill
Da pak schnell deng zwou Saachen, a géi lass
Dat du mat Zäite – an denge Course bass

An d'Studium mëscht ee risege Spaass
T'ass schéin hei zu Lautern
Du drénks gemittlech Glas vir Glas
T'ass schéin hei zu Lautern
An Owes gi mir richteg Gas
T'ass schéin hei zu Lautern
A wann du bis a Stëmmung bass
Da kënns du net méi lass


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.