Lidderbuch

E35 - D'Lëtzebuerger Land

Zu Lëtzebuerg stoung d'Siegfrids-Schlass,
do wor zu allen Zäiten d'Wéi
vun enger weltberühmter Rass.
Vun alle Ritter deemools d'Bléi
Kuckt, hirer véier droen d'Kroun
vum däitsche Räich um Keesertroun!

An d'Hierz, dat kluxt iech schonns als Kand,
fir onst stolzt Lëtzebuerger Land.
An d'Hierz, dat kluxt iech schonns als Kand,
fir onst stolzt Lëtzebuerger Land.

De Geescht vun deenen Helden do,
dee läit dem Vollek nach am Blutt.
An duerfir wor et bis elo
nach ëmmerzou brav, trei a gutt.
Mir sinn et net, déi dat do so'n,
déi Friem, déi mussen 't agesto'n.

An d'Hierz, dat kluxt iech schonns als Kand,
fir onst stolzt Lëtzebuerger Land.
An d'Hierz, dat kluxt iech schonns als Kand,
fir onst stolzt Lëtzebuerger Land.

Hiert Schéinst, dat huet d'Natur äis ginn
mat Soen aus vergaangener Zäit;
bei eis elei kënnt dir gesinn,
wat een am Schwäizerland gesäit;
op eise Bierger wiisst och Wäin
a stinn al Buerge wéi um Rhäin.

An d'Hierz, dat kluxt iech schonns als Kand,
fir onst stolzt Lëtzebuerger Land.
An d'Hierz, dat kluxt iech schonns als Kand,
fir onst stolzt Lëtzebuerger Land.

An d'Eisebunn, déi kräiz a quier
eist fläissegt Ländchen duerechzéit,
déi dreift d'Geschäfter all an d'Wier,
a wou se kënnt, den Handel bléit.
Eist Ierz beschäftegt dausend Hänn;
eis Ierz, eist Gold huet laang keen Enn.

An d'Hierz, dat kluxt iech schonns als Kand,
fir onst stolzt Lëtzebuerger Land.
An d'Hierz, dat kluxt iech schonns als Kand,
fir onst stolzt Lëtzebuerger Land.

Mir hunn mat kenge Mënsche Sträit,
eis Noper loossen ons mat Rou.
Mir liewe glécklech mat der Zäit;
O bléif et éiweg esou!
Vu Läif a Séil si mir gesond,
dat hu mer an der Heemecht fonnt.

An d'Hierz, dat kluxt iech schonns als Kand,
fir onst stolzt Lëtzebuerger Land.
An d'Hierz, dat kluxt iech schonns als Kand,
fir onst stolzt Lëtzebuerger Land.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.