Lidderbuch

E21 - Lëtzebuerger Spezialitéiten

Donnerknippchen ech kommen lo,
vun enger prachtvoller Friess,
eng ganzeg Rëtsch vu Saachen,
sou an engem Siess,
ech hu gejickt, ech hu gebafft,
ech hu gefrupst mat Genoss,
ech hu keen eenz'ge vun de Pla'en,
erlaanscht gelooss,
wourëms et sech gedréit:
Lëtzebuerger Spezialitéit!

Maja, 't gouf Baurenträipen,
't gouf Liewerknidd'len, Kuddelfleck an och Gehäcks.
Duerno, fir de Mo ze stäipen,
en Huesenziwwi, Fierkelsjelli gouf zu fräcks.
Duerno, gouf et Gaardebounen,
Judd, Quetschentaart, gekachte Kéis a Bouneschlupp.
Souguer gouf'n et Melounen, echt Kaffisbounen,
an en Zoossisswupp.

Fréier bei de Ritter,
op all Buerg an op jidder Schlass,
do goufen et schéi Fester,
't war nach eppes lass.
Siwenanzwanzeg Platen
vun dem beschte Fleesch, Poulet, Fësch,
fir d'Ritter an hir Frae stoungen do um Dësch.
An haten se d'Bäich puppsat,
da gouf och nees Wupp derbäi gemaach.

Maja, 't gouf Baurenträipen,
't gouf Liewerknidd'len, Kuddelfleck an och Gehäcks.
Duerno, fir de Mo ze stäipen,
en Huesenziwwi, Fierkelsjelli gouf zu fräcks.
Duerno, gouf et Gaardebounen,
Judd, Quetschentaart, gekachte Kéis a Bouneschlupp.
Souguer gouf'n et Melounen, echt Kaffisbounen,
an en Zoossisswupp.

Hautdesdaags sinn d'Leit erëm
vun all dem ville Gefréiss.
Keng Gromp'ren a keng Zoossiss,
nueren Uebst, Geméis.
De Blinddarm an de Bluttdrock hautdesdaags
si blouss méi a Moud,
den Dokter kënnt Iech dann eenzock:
“Du bass ze so'n bal dout!”.
Do gëtt et blouss ee Reméid:
“Lëtzebuerger Spezialitéit”.

Duerfir, friesst Baurenträipen,
Friesst Liewerkniddlen, Kuddelfleck an och Gehäcks.
Duerno, fir de Mo ze stäipen,
en Huesenziwwi, Fierkelsjelli gouf zu fräcks.
Duerno, gouf et Gaardebounen,
Judd, Quetschentaart, gekachte Kéis a Bouneschlupp.
Souguer gouf'n et Melounen, echt Kaffisbounen,
an en Zoossisswupp.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.