Lidderbuch

E02 - D'Lidd vum Théiwesbuer

D'Madammen aus der Sichegaass,
déi stonge virun der Dir.
Haut gouf et eescht, verbäi de Spass,
si rieden hin an hier.
D'Regierung hat en Här geschéckt
ze kafen Haus fir Haus,
an dat war deem wéi 't schéngt gegléckt,
si mussen all eraus.

Kanner, o Kanner, o quel malheur,
mir mussen aus der rue des Fleurs.
Wéi ass dat mënscheméiglech nur,
mir musse fort vum Théiwesbuer.
Kanner, o Kanner, o quel malheur,
mir mussen aus der rue des Fleurs.
Wéi ass dat mënscheméiglech nur,
mir musse fort vum Théiwesbuer.

D'Gréit jäizt: Mir halen net méi stall,
mat Dreeë geet et duer.
Weist deen sech nach am Pafendall,
da flitt en an de Buer.
Ah non! Seet d'Siss, mir plënneren,
an d'Lougaass trotz dem Knascht.
Sollt do en Hond eis hënneren,
hu mir och gudde Kascht.

Kanner, o Kanner, o quel malheur,
mir mussen aus der rue des Fleurs.
Wéi ass dat mënscheméiglech nur,
mir musse fort vum Théiwesbuer.
Kanner, o Kanner, o quel malheur,
mir mussen aus der rue des Fleurs.
Wéi ass dat mënscheméiglech nur,
mir musse fort vum Théiwesbuer.

Mä d'Stole Broscht seet: Hieft Verstand,
mir street kee Sand an d'Aen.
Och d'Lougaass hält net laang méi stand.
Wësst dir da wat mir man:
Op d'Käerche baue mir en Daach,
eng Roulotte huet säi Charme.
Déi setze mir e schéinen Dag,
flang mëtten op d'Plëssdaarm.

Kanner, o Kanner, o quel malheur,
mir mussen aus der rue des Fleurs.
Wéi ass dat mënscheméiglech nur,
mir musse fort vum Théiwesbuer.
Kanner, o Kanner, o quel malheur,
mir mussen aus der rue des Fleurs.
Wéi ass dat mënscheméiglech nur,
mir musse fort vum Théiwesbuer.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.