Lidderbuch

E41 - Mäi Frënd de Bumski

Zwee onzertrennlech wierklech hierzensgutt Kamroden,
'T ass mäi Frënd Bumski an ech.
Zesumme schons als Bouwen eeschtlech gutt geroden
War mäi Frënd Bumski an ech,
Vum Äppellausen bis op haut an all Affären
Mir hunn ons ni geloosst am Stéch,
Et ass bekannt - a jidfer Mënsch gesäit sou gäeren.
Mäi Frënd de Bumski, a mech.

En hierzecht Meedchen hu par hasard léire kennen
Dëslescht de Bumski an ech,
A knatsch verléift, ech son eech, bis zum Hierzentbrennen
Wor mäi Frënd Bumski an ech.
Op enger Bänk am Park hu mir ons Léift gestanen,
A wie ganz eescht, ganz feierlech
Sou een nom an'ren Trei geschwuer huet, dir kënnt anen:
Dat war de Bumski an ech.

Vergiesst schon hate laang déi aartlech léif Geschichtchen
Mäi Frënd de Bumski, an ech,
'Lei koum no etlech Méint e ganzeg drol'ge Bréifchen,
Een un de Bunski, een u mech.
Do sotng geschriwwen, d'Saach vu deemols hätt hir Folgen,
An 't misst vun ons zwee sécherlech
Och lo ee suerge fir den aarmen Onschëll'gen,
Ou bien de Bumski od'r ech.

Mir hu gelaacht, mee d'Enn vum Lidd, o heelgen Zenner!
Wor fir de Bumski a mech.
Eng Zituatioun - a wien al domm do stong vrum Glänner,
Dat wor de Bumski an ech.
E fetten Zwilling huet de Riichter ons verkënnegt,
An de Verglach wor fierchterlech:
De Bumski grad wéi duergespaut dat 12-pënnegt
An dat vun 10 grad wéi ech.

Bei sou Beweiser konnte faktesch näischt méi maachen
nach mäi Frënd Bumski, nach ech,
De ganzen Tribunal stong Tréinen do ze laachen,
Nuer net de Bumski an ech.
Wéi mir och een dem an'ren d'Schold op wollten drécken,
Am Uerteel steet et däitelech:
De Bumski huet ze suerge fir dee ganzen Décken,
An dee méi Dënne krouch ech.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.