Lidderbuch

E42 - Manyla

Wéi ech wor an Afrika,
wou d'Leit si vun der Sonn verbrannt.
Do wou wiisst de Panama,
do hat ech gir, en hierzegt Kand.
O déi A'n an dee schwaarze Krauselkapp,
kommen mir säithier net méi aus dem Kapp.
Laacht hatt mir, o dann hat meng Freed keen Enn,
well et hat sou schnéiwäiss Zänn,
eng Haut sou zaart, a ganz apaart a senger Aart.

Manyla, du mäin hierzegt Kand,
dir zu Léift ass mäin Hierz entbrannt.
Gleef ech kann, wann ech dir et so'n,
net méi vun dir go'n.
Komm, mäin hierzegt Kand,
mat mir an mäi Land,
do sinn d'Männer nach vill méi trei,
an och vill méi schéi wéi hei.
Do sinn d'Männer nach vill méi trei,
an och vill méi schéi wéi hei.

Owes 't wor géint Mëtternuecht,
't wor Rendez-vous bei mengem Kand,
vrun dem Zelt do stoung eng Wuecht,
mat engem Beilen an der Hand.
O déi Angscht déi ech hat, wor nach laang net kleng,
well ech duecht bestëmmt hat wier ganz eleng,
op dem Bauch sinn ech du hannendru geschlach,
well do wor am Zelt e Lach.
Muerges um aacht, hat mech erwaart, an heemlech laacht.

Manyla, du mäin hierzegt Kand,
dir zu Léift ass mäin Hierz entbrannt.
Gleef ech kann, wann ech dir et so'n,
net méi vun dir go'n.
Komm, mäin hierzegt Kand,
mat mir an mäi Land,
do sinn d'Männer nach vill méi trei,
an och vill méi schéi wéi hei.
Do sinn d'Männer nach vill méi trei,
an och vill méi schéi wéi hei.

Mä déi Freed wor net fir laang,
ech konnt dee Klima net verdro'n,
wéi ech dunn erëm heem si gaang,
wollt ech hunn hat soll mat mir go'n.
„Nee, mäi Jong“ sot hat zu mir „'t deet mir séier leed,
mä an ärem Land ass fir mech keng Freed,
hëls du dir spéiderhin dann emol eng Fra,
dann nenn du se Manyla,
hei ass meng Hand, denk un dat Kand, am schwaarze Land.“

Manyla, du mäin hierzegt Kand,
dir zu Léift ass mäin Hierz entbrannt.
Gleef ech kann, wann ech dir et so'n,
net méi vun dir go'n.
Komm, mäin hierzegt Kand,
mat mir an mäi Land,
do sinn d'Männer nach vill méi trei,
an och vill méi schéi wéi hei.
Do sinn d'Männer nach vill méi trei,
an och vill méi schéi wéi hei.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.