Lidderbuch

E03 - D'Meedche vu Gëtzen

Et wor e Meedche vu Gëtzen, oho!
Mat Aen ewéi feiereg Blëtzen, oho!
'T wollt alle Männer gefalen,
fir mat senge Freier ze bralen, oho! oho!

'T huet nëmme gedanzt a gesprongen, oho!
Gekickelt, gerolzt a gesongen, oho!
Et duecht mat Spaassen a Laachen,
säi Gléck emol sécher ze maachen, oho! oho!

Mee wéi et housch vum bestueden, oho!
Wollt keen sech dat Meedchen oplueden, oho!
'T ass zweeërlee Männer a Freier,
haut sëtzt et um Affener Weier, oho! oho!

Dier Meedercher loosst iech beléi'ren, oho!
A kommt hier e gudde Rot héieren, oho!
Maacht nët ewéi d'Meedche vu Gëtzen,
soss bleift der nach alleguer sëtzen, oho! oho!


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.