Lidderbuch

E22 - Musel-Liddchen

Hutt dir mol d'Flemm an dir gitt er net lass,
da loosst de Kapp dach net hänken.
Hutt Dir och Misär duerch Nopeschbeschass,
an net méi wësst wat ufänken,
da fuert op d'Musel a stréckt Iech eng un,
drénkt esou laang et Iech schmaacht,
well da sinn d'Suerge grad wéi wech geflunn,
drénkt datt et nëmmen sou kraacht.

Loosst mer nach e Pättchen drénken,
op der schéiner Musel.
Kuckt wéi d'A sou feireg blénken,
wa mir sinn am Dusel.
Bréngt ons léiwer gläich eng Fläsch,
vun deem Allerbeschten.
Wat maache mir mat dem Geld an der Täsch,
haut gi mir alles zum Beschten.
Wat maache mir mat dem Geld an der Täsch,
haut gi mir alles zum Beschten.

Hutt Dir dann d'Riicht schonn eng Grëtzche verluer,
an Dir fänkt haart un ze tozen.
Macht Iech näischt draus a fuert weider nach duer,
besser dat wéi domm ze motzen.
Haut gëtt gedronk bis keng Drëps méi am Faass,
bis alles richteg am Schweess.
Vive onse Greechen an hieft all Äert Glas,
a sangt dëst Liddchen alt nees.

Loosst mer nach e Pättchen drénken,
op der schéiner Musel.
Kuckt wéi d'A sou feireg blénken,
wa mir sinn am Dusel.
Bréngt ons léiwer gläich eng Fläsch,
vun deem Allerbeschten.
Wat maache mir mat dem Geld an der Täsch,
haut gi mir alles zum Beschten.
Wat maache mir mat dem Geld an der Täsch,
haut gi mir alles zum Beschten.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.