Lidderbuch

E23 - Neen, déi Schnëss

Wat een am Liewen oftmools sou domm Gesiichter fënnt,
et freet een sech wouhier dach nur sou eppes Bléides kënnt.
Mir ass dat scho passéiert, 'ch wor knapps an d'Welt getrollt,
dunn hat ech vrun de Spigel mech par Hasard higestallt,
a kaum hat ech mech dran erbléckt,
du sot ech ganz erschreckt:

Neen déi Schnëss, o Mamm o Kanner!
Huet een scho méi een dommt Gesiicht gesinn?
Sou eng Schnëss, ass dach e Wonner!
O Mamm o Mamm wat gëtt dat ginn.

Gläich gouf verzielt am Stiedchen, ech wier e jonken Af,
an alles koum ze kucke mech vu wäit a breet gelaf.
Si hu mat groussen Aen an d'Wéi eragestorcht,
a soten, wa meng Mamm derbäi: “Wéi léif ass dach dee Borscht!“
Mee ech, ech hunn 't geholl an uecht,
bei sech hunn s'all geduecht:

Neen déi Schnëss, o Mamm o Kanner!
Huet een scho méi een dommt Gesiicht gesinn?
Sou eng Schnëss, ass dach e Wonner!
O Mamm o Mamm wat gëtt dat ginn.

Wéi ech koum an den Alter, ech kann et jo hei so'n,
du wollt ech wéi déi aner Jongen och mol feiere go'n.
Ech hat gutt Intentiounen, ech wor net schei, net frech,
mee 'ch weess net, bei de Fraleit hat ech ëmmerzou nach Pech.
Well wann ech eent wollt halen un,
huet hat gläich Kreesch gedunn:

Neen déi Schnëss, o Mamm o Kanner!
Huet een scho méi een dommt Gesiicht gesinn?
Sou eng Schnëss, ass dach e Wonner!
O Mamm o Mamm wat gëtt dat ginn.

Datt d'Fraleit och sou uereg, dat huet mech al Verdross.
Ech hu geholl a schwéi'rer Stonn e groussegen Entschloss.
Ech maa'n't haut wéi déi aner, wat si so'n, kann ech och!
Wien ëmmer mech nur eppes freet, de Refrain ass mäi Sproch.
Also, wëlls du mech eppes fro'n,
da muss ech dir gläich so'n:

Neen déi Schnëss, o Mamm o Kanner!
Huet een scho méi een dommt Gesiicht gesinn?
Sou eng Schnëss, ass dach e Wonner!
O Mamm o Mamm wat gëtt dat ginn.

Och d'Fuesend, Jësses Kanner, wat een dach do erlieft,
wéi een dach mat de Masken dann sou elle widder leeft.
Gekleet a Seid a Spëtzen, déi feinste Strëmp à jour,
si kucken dra, wéi wann se all a Lackeschong gebuer.
Mee kaum datt d'Bokemaul gefall,
rifft alles schonns am Sall:

Neen déi Schnëss, o Mamm o Kanner!
Huet een scho méi een dommt Gesiicht gesinn?
Sou eng Schnëss, ass dach e Wonner!
O Mamm o Mamm wat gëtt dat ginn.

Dat Saufen an dat Lompen, et ass dach wierklech schlëmm,
et fënnt een sech do meeschtens mat de Schong am Bett erëm.
De Kapp kann e kaum hiewen, eng Strass, o schrecklech Saach,
eng ausgedréchent Mëschtekaul um waarme Summerdag.
A kënnt e vrun de Spigel hin,
wat muss een do gesinn:

Neen déi Schnëss, o Mamm o Kanner!
Huet een scho méi een dommt Gesiicht gesinn?
Sou eng Schnëss, ass dach e Wonner!
O Mamm o Mamm wat gëtt dat ginn.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.