Lidderbuch

E43 - Ons Arméi

Mir hu keng Batteljounen,
an nëmmen dräi Kanounen,
zwou schéissen ob de Kinneksdag,
an hu kee Mënsch dout gemaach.
Déi drëtt dervun déi rascht,
well s'ass scho laang gebascht.

1. |: Zweehonnert Mann keen Hoer méi,
d'ass eisem Land seng ganz Arméi.
Mir brauche weider net.
Dir kënnt se beienee gesinn,
wa Sonndes si an d'Kirech ginn,
liicht wéi ee Mann am Trëtt. :|

Mir hu keng Batteljounen,
an nëmmen dräi Kanounen,
zwou schéissen ob de Kinneksdag,
an hu kee Mënsch dout gemaach.
Déi drëtt dervun déi rascht,
well s'ass scho laang gebascht.

2. |: Gi si zum Exercice eraus,
kuckt alles zu der Fënster aus,
a munnecht Häerzche schléit,
mat eiser Musek an dem Takt.
Esou e roude Krag dee packt,
't si Borschte wéi gedréit. :|

Mir hu keng Batteljounen,
an nëmmen dräi Kanounen,
zwou schéissen ob de Kinneksdag,
an hu kee Mënsch dout gemaach.
Déi drëtt dervun déi rascht,
well s'ass scho laang gebascht.

3. |: Si trieden all fräiwëlleg an,
an hunn eng Schoul, do ginn se dran,
a gi gutt ageschosst.
Fir Stroossen, Weën, Waldfieschterei,
Gendaarm a Garde, géint d'Schmugglerei,
a Plazen an der Post. :|

Mir hu keng Batteljounen,
an nëmmen dräi Kanounen,
zwou schéissen ob de Kinneksdag,
an hu kee Mënsch dout gemaach.
Déi drëtt dervun déi rascht,
well s'ass scho laang gebascht.

4. |: Mir fänken och keng Kricher un,
well mir de Fridde léiwer hunn,
mat eisen Nopeschleit.
Déi Kricher ruinéieren d'Welt,
si bréngen Elend, kaschte Geld,
d'ganz Mënschheet drënner leid. :|

Mir hu keng Batteljounen,
an nëmmen dräi Kanounen,
zwou schéissen ob de Kinneksdag,
an hu kee Mënsch dout gemaach.
Déi drëtt dervun déi rascht,
well s'ass scho laang gebascht.

5. |: An datt déi Däitsch an de Fransous,
sou vill Zaldoten hunn um Fouss,
vergonne mir e gier.
Dat Dénge kënnt se deier sto'n,
a wéi se dru sou schwéier dro'n,
frot op der Grenz dohier. :|

Mir hu keng Batteljounen,
an nëmmen dräi Kanounen,
zwou schéissen ob de Kinneksdag,
an hu kee Mënsch dout gemaach.
Déi drëtt dervun déi rascht,
well s'ass scho laang gebascht.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.