Lidderbuch

C02 - REEL zu München

München ass eng ganz schéi Stad,
mee lo gëtt hei mol d'Kierch versat,
et ass lo riwwer mat der Rou,
spärt léiwer all är Dieren zou!
Aus ganz Europa si mer komm,
mir schloen hei a wéi eng Bomm,
mir ginn och nimools midd,
an dofir sange mir dëst Lidd!

Mir sinn d'Elite bei eis doheem,
dat bestreit jo awer wierklech keen!
REEL (REEL),
et ass souwäit!
REEL (REEL),
mir si gehäit!
REEL,
REEL zu München.

Scho moies si mir fréi um Dill,
an drénke scho beim Kaffi vill.
Am Workshop dann gëtt iwwerluecht,
wéi läschen ech mäi nächsten Duuscht!
Mir kucken eis schéi Saachen un,
wat déi hei sou ze bidden hunn.
Mir schwätzen och ganz gär gescheit,
an hu nach ni ee Wuert bereit.

Mir sinn d'Elite bei eis doheem,
dat bestreit jo awer wierklech keen!
REEL (REEL),
et ass souwäit!
REEL (REEL),
mir si gehäit!
REEL,
REEL zu München.

De Biltgen ass ee gudde Mann,
dee nawell ganz gutt schwätze kann,
mä géint eis kënnt hie guer net un,
dat ass lo wierklech net gelunn.
An d'Modert dat ass eng schéi Fra,
si brauch och guer kee Wonderbra,
et kënnt jo net op d'Schéinheet un,
si misst schonn Argumenter hunn.

Mir sinn d'Elite bei eis doheem,
dat bestreit jo awer wierklech keen!
REEL (REEL),
et ass souwäit!
REEL (REEL),
mir si gehäit!
REEL,
REEL zu München.

D'ACEL ass eisen Daachverband,
si sinn am ganze Land bekannt,
op der REEL ginn si richteg lass,
t'gëtt sech lo net méi um Rimm gerass.
Mir bleiwe lo nach ganz laang hei,
well hei ass alles an der Rei,
et ass nach bësse Béier do,
an et sinn der och just e puer K.O.!

Mir sinn d'Elite bei eis doheem,
dat bestreit jo awer wierklech keen!
REEL (REEL),
et ass souwäit!
REEL (REEL),
mir si gehäit!
REEL,
REEL zu München.


Lidderbuch als PDF Extended Versioun mat nach mei Lidder

All Lidder am Iwwerbléck

Traditionell

Cercle

REEL

Student

Lëtzebuergesch

Däitsch

Franséisch

Englesch

Neiegkeeten vu Studenten fir Studenten

Abonnéier den ACEL Newsletter. Du kanns dech zu all Moment ausdroen.



Mat klick op "Fäerdeg" bestätegs du, dass du mat eisen Datenschutzerklärungen averstanen bass an mir dir Mailen schécken dierfen bis du dech erëm vum Newsletter ofmells.